No der klorer Victoire e Freideg huet Diddeleng am Réckmatch näischt ubrenne gelooss a gewënnt däitlech 45:27.

Am zweeten Tour vum European Cup gouf et fir Diddeleng e vill méi däitlechen Erfolleg wéi nach virun engem Mount an Nordmazedonien. Deemools konnt ee géint Skopje eréischt a leschter Sekonn den decisive Gol fir d'Weiderkomme markéieren. Am Doubleheader virun eegenem Public hunn d'Fiiss zwou Victoirë géint d'Kosovare vu KH Rahoveci gefeiert.

E Freidegowend hat den HBD den éischte Match géint d'Gäscht aus dem Kosovo iwwerraschend däitlech 41:34 gewonnen. No enger intensiver Ufanksphas konnte sech d'Lëtzebuerger vun der 10. Minutt un ëmmer méi ofsetzen an hate souguer eng Kéier 4 Goler Avance (10:6 no 15 Minutten). Déi meescht Zäit louch de Virsprong bei 2 oder 3 Goler, sou dass et an der Paus 18:16 fir den HBD stoung.

Nodeems et nom Säitewiessel weider serréiert zougoung, konnt Diddeleng an der 44. Minutt beim Stand vun 29:26 en 8:0-Laf starten, deen de Grondstee fir d'Victoire war. Zu dësem Zäitpunkt louch een 11 Goler vir, wat de gréisste Virsprong am ganze Match war. Well den Trainer Bilanovic duerchgewiesselt huet, goung am Ugrëff d'Konzentratioun verluer a vill Bäll goufe verschoss. Um Enn war d'Resultat trotzdeem däitlech.

De Retourmatch 24 Stonne méi spéit sollt nach méi däitlech ausfalen. D'Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic duerft sech iwwer e 45:27 géint de kosovaresche Champion aus de leschten zwee Joer freeën.

Rahoveci konnt den Uschloss bis an d'15. Minutt halen (9:7), mee duerno huet den HBD den Turbo gezünt an ass bis zur Paus op 11 Goler ewechgezunn (23:12). De Fiiss sinn am éischten Duerchgang ganzer 23 Goler gelongen, wat fir d'Qualitéit vun hirem Ugrëff schwätzt.

Am zweeten Duerchgang huet Rahoveci sech sengem Schicksal erginn an Diddeleng konnt de Virsprong ëmmer weider ausbauen. Kuerz viru Schluss hat ee souguer 20 Goler Avance - eng Welt am internationalen Handball. Domat ass d'Victoire héichverdéngt an Diddeleng steet eng éischt Kéier zënter 2016/17 an enger Aachtelsfinall op europäeschem Plang. Deemools koum ee bis an d'Véierelsfinall, wou een u Potaissa Turda gescheitert war.

Drolegerweis trëfft d'Red Boys Déifferdeng nächst Woch mat KH Kastrioti op eng weider kosovaresch Ekipp. D'Matcher ginn an engem Doubleheader beim aktuelle Vizechampion ausgedroen. Mat Bierchem ass e weidere lëtzebuergesche Vertrieder nächste Weekend am Asaz. D'Réiserbänner spillen zweemol doheem géint Oxford University HC.

D'Aachtelsfinalle ginn eréischt am Februar vum nächste Joer gespillt.