Ee Portrait vum Yonas Kindé
Dag fir Dag dréint de Yonas Kinde seng Ronnen, ganz eleng, op der Piste vum INS. Begleet vun der Musek, déi aus de Kopfhörer a seng Ouere fléisst.
Nieft der Musek schwiewen dem 37 Joer alen Athlet och nach aner Gedanken am Kapp, wéi zum Beispill d'olympesch Spiller, déi, déi kommen an déi, déi eriwwer sinn. Zu Rio hat de Yonas Kindé de Privileeg, zesumme mat 9 anere Refugiéen an de Stadion eran ze marschéieren an den olympesche Marathon ze lafen. E formidabelt Erliefnis fir de Yonas Kindé, deen 3 Joer virdrun säi Land huet misste verloossen, well säi Liewen a Gefor war.
De Yonas Kindé ass der Meenung, dass säi Beispill ville Leit hëllefe kann, fir sengem Beispill nozegoen. Iwwerdeems hofft hien nach eng Kéier bei Olympia kënnen un den Depart ze goen.
Déi éischt Bedingung fir zu Tokyo dierften derbäi ze sinn, heescht d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze hunn.
Op der Route du vin am Joer 2014 hat de Yonas Kindé gewisen, wat an him stécht. Mat enger 3. Plaz an engem exzellente Chrono hat hie vill Weltklasseleefer hanneru sech gelooss. Am Ament schwieft de Yonas tëschent Professionalismus an Amateurismus. Besser Trainingskonditiounen, Stagen an e Sponser kéinten de sympatheschen Athlet e Schratt no vir bréngen. An Ethiopien huet de Kindé als Masseur vun der Nationalequipe geschafft. Seng Aarbecht an der Coque kann de CELTIC’s Leefer zanter kuerzem net méi praktizéieren. D'Coque huet de Vertrag mam Kindé nämlech opgeléist.
De Yonas Kindé ass frou, wann de Wanter Äddi seet, well a sengem Land gouf hie vun der Sonn begleet. Zu Lëtzebuerg hat de Laangleefer viru 5 Joer déi 1. Bekanntschaft mam Schnéi gemaach.
Et gouf schonn e puer mol gesot a geschriwwen, dass de Yonas Kindé och als Taxichauffer geschafft hätt. Dat stëmmt awer net. De Beweis: hien huet kee Führerschäin. Fir vum INS heem op Hamm ze kommen, brauch hie keen Auto. An Ethiopien war hie gewinnt esou Strecke locker am Lafen zréckzeleeën.