No klorer Defaite géint Déifferdeng
De Yannick Kakoko ass net méi Trainer beim Racing
© Bob Leven
E Mëttwoch hat de Racing doheem mat 1:5 géint den Tabelleleader Déifferdeng verluer.
Déi Responsabel vum Stater Fusiounsveräin hunn elo reagéiert a sech vum Trainer Yannick Kakoko getrennt. De Racing huet den Ament 9 Punkten um Kont a spillt géint den Ofstig.
Zanter dem Juli dat leschte Joer, souz de Kakoko op der Trainerbänk beim Stater Veräin.
Am meeschte gelies