Steesel a Bartreng stinn an der Halleffinall
© Val Wagner
Um Mëttwoch war den Optakt an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären.
Déi zwou Ekippen aus der Nationale 2 goufen eliminéiert. Zolwer hat géint d'Amicale Steesel zwar gutt an de Match fonnt an den 10-Punkte-Bonus souguer op bis zu 22 Punkten ausgebaut (28:6), duerno huet Steesel sech allerdéngs lues awer sécher zeréck an d'Partie gekämpft. An der Paus louchen d'Gäscht scho mat 48:47 a Féierung.
D'Entscheedung huet Steesel dunn am drëtte Véierel realiséiert, wéi si mat engem 29:0-Laf an d'Hallschecht gestart sinn. Um Enn wënnt Steesel 104:83. D'Gäscht konnte 15 Dräier markéieren an hate mam Alex Laurent (27 Punkten) de beschte Scorer vum Match.
































































































































































































D'Sparta Bartreng huet zu Schieren ganz séier dofir gesuergt, dass den 10-Punkte-Réckstand vun der Lokalekipp geschrumpft ass. Schieren huet zwar tëschenzäitlech besser dogéint gehalen, d'Dominanz vun der Sparta war allerdéngs iwwer 40 Minutte Spillzäit däitlech. Mat 105:80 war d'Resultat och um Enn kloer. Bei de Gäscht huet de Jarvis Williams 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Um Donneschdeg kënnt et zu zwee Dueller tëschent Ekippen aus der Enovos League. Ettelbréck spillt géint Diddeleng a Mamer huet Heemvirdeel géint d'Fiels.