De Rekordverkaf vun de Los Angeles Lakers un de Milliardär Mark Walter ass unanime vum Board of Governors vun der NBA ugeholl ginn.

Fir ronn 10 Milliarden US-Dollar (ëmgerechent 8,7 Milliarden Euro) wiesselen d'Los Angeles Lakers de Besëtzer. Méi Geld war virdrun nach ni fir eng Franchise am US-Sport, oder soss iergendwou op der Welt bezuelt ginn.

De 17-fache Champion geet vum Buss Familiy Trust un de Mark Walter, deen och am Besëtz ass vun Undeeler un de Los Angeles Dodgers (Baseball), de Los Angeles Sparks (Frae-Basketball) an der neier Cadillac-Formel-1-Ecurie. 2021 hat de Milliardär scho 26% vun de Parten un de Lakers kaaft. D'Legend Magic Johnson ass begeeschtert vum Mega-Deal, dee schonn am Juni als perfekt annoncéiert gi war:

Risege Gewënn fir d'Buss-Famill

D'Jeanie Buss wäert awer weider Lakers-Presidentin a Leederin vum operativen Dagesgeschäft bleiwen, heescht et aus Kalifornien. Déi 63 Joer al Amerikanerin wäert 15 Prozent vun den Undeeler behalen, déi op d'mannst néideg sinn, fir weider d'Roll vum "Team Governor" dierfen anzehuelen. Laut ESPN géif si nach eng Partie Joren an där Funktioun bleiwen. D'Vente soll an der Famill Buss awer net onëmstridde sinn. Deemno hätten zwee vun de sechs Geschwëster dem historeschen Deal net wëllen zoustëmmen. D'Lakers waren zanter 1979 am Besëtz vun der Famill Buss, wéi se 667,5 Milliounen US-Dollar fir de Veräin bezuelt haten.

De Mann am Hannergrond

De Mark Walter, dee seelen Interviewe gëtt, hat virun 13 Joer de legendäre Baseballclub Los Angeles Dodgers fir spektakulär 2,15 Milliarden US-Dollar kaaft. Net seele gëtt de Wiessel vum Besëtzer mat Suerge gesi vun amerikanesche Fans. Zu L.A. ass de Géigendeel de Fall, well de Walter éischter dofir bekannt ass, ze vill wéi ze wéineg Geld an de Grapp ze huele fir dass et klappt mam sportleche Succès. D'Dodgers sinn an de leschte fënnef Joer zweemol Champion ginn, a stinn de Moment och erëm an der Finall vum Championnat.

Et kéinten also nei, gëllen Zäiten ubrieche fir d'Lakers. Dofir sinn awer nei Toppspiller batter néideg. De LeBron James steiert op seng sportlech Pensioun zou, an de Luka Doncic kann d'Kar net eleng aus dem Dreck rappen. Fir nei Superstaren un d'West Coast ze lackelen, ass et warscheinlech néideg, de sougenannte "Salary Cap", déi iewescht Grenz vu Paien ze briechen. Resultat wiere "Luxus-Steieren", mat deenen awer de Walter, sou gëtt gemunkelt, kee grousse Problem hätt.

RTL

© Luke Hales / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP