Optakt mat historescher Victoire- Lëtzebuerg klappt Moldawien mat 4:0
D'Goler an d'Reaktioune vun de Lëtzebuerger, souwéi d'Resuméë vun de weidere Matcher e Samschdeg den Owend hei am Video.
Opgrond vun enger staarker zweeter Halschent gewënnt Lëtzebuerg verdéngt mat 4:0 géint Moldawien. No Startschwieregkeeten a kenge gudden éischten 30 Minutten, hunn d'Lëtzebuerger sech gesteigert a gewanne kloer.

© Serge Olmo
An der 30. Minutt konnt de Malget Lëtzebuerg mat engem Kappball a Féierung bréngen nodeems Moldawien direkt e puer Chancë leie gelooss huet. No der Paus huet den Oli Thill an der 60. Minutt op 2:0 erhéicht ier de staarke Sinani no engem Corner den 3:0 markéiert huet. Mat engem ganz lässege 4:0 an der 83. Minutt huet de Martins alles kloer gemaach. D'Rout Léiwe gewannen no 90 Minutte verdéngt mat 4:0 géint Moldawien.
Nom Match war d'Freed bei de Lëtzebuerger natierlech grouss. Hei Reaktioune vum Christopher Martins, dem Nationaltrainer Luc Holtz, dem Olivier Thill an dem Danel Sinani:
De Mario Mutsch ass iwwerdeems e Samschdeg den Owend an der Statistik vun de Selektioune fir d'Natioanekipp gläichgezu mam Jeff Strasser. De Mutsch an de Strasser kommen op 98 Selektiounen.
An der zweeter Partie am Grupp vun de Lëtzebuerger huet Wäissrussland kloer mat 5:0 géint San Marino gewonnen.
Resumé vum Match Lëtzebuerg - Moldawien
D'Moldawier hu besser ugefaangen a konnten direkt e bëssen Drock op de Lëtzebuerger Gol opbauen an haten och direkt eng gutt Chance, mee dës konnte se awer net notzen. No 7 Minutte krut Lëtzebuerg eng gutt Konterchance, mee eng Pass vum Gerson Rodrigues ass beim Golkipper gelant.
Dono sinn d'Lëtzebuerger awer och besser an de Match komm, mee defensiv war dat alles anescht wéi sécher a Moldawien konnt sech direkt e puer Golchancen erausspillen. An der 24. Minutt koum eng laang Pass op e Moldawesche Stiermer, mee de Moris koum eraus a konnt nach grad esou de Réckstand verhënneren.
No 29 Minutten konnt den Dedov zimlech fräi aus 20 Meter ofzéien, mee de Moris konnt paréieren. D'Roud Léiwen hunn de Gäscht einfach ze vill Plaz gelooss a stoungen alles anescht wéi kompakt.
No enger gudder Chance vum Turpel gouf et an der 34. Minutt e Corner fir Lëtzebuerg. Deen huet de Sinani gutt an d'Mëtt bruecht an de Malget konnt de Ball an de Gol käppen.
Dës Féierung war glécklech fir Lëtzebuerg, well Moldawien hat méi Chancen an hätt eigentlech zu deem Moment scho missen a Féierung leien.
Nom 1:0 krute se awer méi Confiance a konnte sech nach weider Chancen erausspillen, mee et sollt mam 1:0 an d'Paus goen.
Déi 2. Halschent huet dann awer besser ugefaangen fir d'Lëtzebuerger wéi déi 1. a se stounge méi kompakt. D'Moldawier haten net méi sou vill Plaz a krute sech net méi sou einfach Chancen erausgespillt.
No 60 Minutten huet de Carlson eng ganz staark Pass op den Oli Thill gespillt, deen ass puer Meter gaangen an huet de Ball ganz dréchen an de laangen Eck geschoss.
D'Roud Léiwen haten elo och eng ganz aner Kierpersprooch an hu mat vill méi Confiance Futtball gespillt. Och Kombinatiounen, déi ee virun der Paus net gesinn huet, waren elo kee Problem méi.
Och dono ass Lëtzebuerg weider dru bliwwen a vu Moldawien huet een net méi vill gesinn. An der 75. Minutt huet den Oli Thill e Corner flaach op den éischte Potto bruecht, de Sinani huet direkt ofgezunn an huet den 3:0 geschoss.
Et war an der zweeter Halschent e ganz aneren Optrëtt vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. An der 83. Minutt war et e richtegt gutt Zesummespill tëscht dem Sinani an dem Martins an deen huet ganz lässeg de 4:0 markéiert.
No enger excellenter zweeter Hallschent huet d'Lëtzebuerger Nationalekipp verdéngt mat 4:0 géint Moldawien gewonnen.
De 4:0 ass déi héchste Victoire, déi et jeemools fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp an enger UEFA-Competitioun gouf. An der ganzer Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball gouf et bis elo just eng méi héich Victoire, dat bei den Olympesche Spiller vun 1948, wéi Lëtzebuerg sech mat 6:0 géint Afghanistan konnt duerchsetzen.
D'Resultater vun de weidere Matcher am Iwwerbléck
Och an den anere Gruppe vun der Nations League gouf gespillt a wéi déi Matcher ausgaange sinn, kënnt der Iech an eise Resuméen ukucken.
LINK: D'Resultater vun all de Matcher aus der Nations League am Iwwerbléck
Divisioun A
Am Grupp 4 stoung den Top-Match tëscht England a Spuenien um Programm an deen huet och gehalen, wat e Versprach huet. No enger staarker Pass vum Shaw konnt de Rashford England an der 11. Minutt mat 1:0 a Féierung bréngen. D'Reaktioun vu Spuenien huet awer net laang op sech waarde gelooss an et war de Saul Niguez deen nëmmen 2 Minutte méi spéit den Ausgläich schéisse konnt. No 32 Minutten huet de Rodrigo Spuenien da mat 2:1 a Féierung bruecht a konnt de Match dréinen.
No der Paus gouf et e Schreckmoment, wéi de Shaw mam Kapp an de Carvajal gerannt ass an um Buede leie bliwwen ass. E gouf direkt behandelt an huet missen ausgewiesselt ginn. An der Nospillzäit huet England nach den 2:2 geschoss, mee dee gouf opgrond vun engem Foulspill ofgepaff.
Am Grupp 2 huet d'Schwäiz Island mat 6:0 iwwerrannt. D'Goler hu geschoss den Zuber, Zakaria, Shaqiri, Seferovic, Ajeti a Mehmedi.
Divisioun B
Am Grupp 3 konnt Bosnien knapps mat 2:1 géint Nordirland gewannen. D'Goler fir Bosnien hunn den Duljevic an de Saric geschoss. Fir Nordirland konnt de Will Grigg markéieren.
Divisioun C
Am Grupp 2 gewënnt Finnland mat 1:0 géint Ungarn a Griicheland klappt Estland mam nämmlechte Resultat.
Divisioun D
Am Match tëscht de Gruppegéigner vu Lëtzebuerg, Wäissrussland a San Marino, hat d'Heemekipp aus Wäissrussland keng Problemer mat San Marino a gewënnt kloer mat 5:0.