Jonk Leit fir d'Liichtathletik begeeschteren
Fir een Nomëtteg hat d'Schoul am Bambësch sportlech Konturen ugeholl.
6 vu 7 Courssen, verdeelt op verschidden Alterskategorien, hu sech do u Schüler adresséiert, déi weder an der Liichtathletik nach am Triathlon lizenzéiert sinn. Vill vun de sportlechen Aktivitéiten am gutt gefëllte Programm vun der LASEL gi fir net lizenzéiert Jugendlecher organiséiert. Iwwert dee Wee sollen esou vill wéi méiglech jonk Leit, de Wee zum Sport fannen. Reegelméisseg ginn dann och Talenter entdeckt.
Bei de Minimes huet eng Schülerin souverän gewonnen, déi éischter seele leeft. Beim Vainqueur vun de Cadeten ass de Sport an der Famill verankert.
Am Géigesaz zu de Veräinscrosser vun der Liichtathletikfederatioun, hellt bei der LASEL d’Zuel vun de Participanten zou, wann et no uewen an d'Juniorskategorie erop geet. Mat 118 Konkurrente war dës Course am beschte besat an all Schoul huet hir eege Strategie, fir d'Schüler ze motivéieren.