Lëtzebuerger Delegatioun dierft aus 2 bis 4 Sportler bestoen

© ATP/QIAN Jun / MATSUO Kenjiro / AFLO
A knapp 4 Méint fänken déi Olympesch Wanterspiller zu Mailand an Italien un.
Esou lues awer sécher hëlt d'Lëtzebuerger Delegatioun fir d'Olympesch Wanterspiller an Italien méi konkreet Formen un. Mam Gwyneth ten Raa an dem Matthieu Osch hunn zwee Lëtzebuerger schonn d'Qualifikatioun praktesch sécher an der Täsch.
Och den Nicolaj Lindfors huet och Chancen, fir sech an de Speed-Disciplinnen ze qualifizéieren. Allerdéngs gesäit et den Ament am Ranking vun der internationaler Schifederatioun esou aus, datt Lëtzebuerg bei de Männer just eng Startplaz dierft kréien.
Dem Directeur Sportif vum COSL no, Raymond Conzemius, hunn och nach de Peter Murphy am Shortrack an de Jeff Bauer am Skeleton Chancen, fir sech fir Mailand ze qualifizéieren.