D'Leni Welter um Europäeschen Olympesche Jugendfestival
Mir hunn d’Leni Welter op hirer Rees an Nordmazedonien begleet, op den Tatami vum Europäeschen Olympesche Jugendfestival.
Mat just 17 Joer an eréischt viru kuerzem mam schwaarze Rimm ausgezeechent, trainéiert d’Leni 22 Stonnen d’Woch a lieft fir de Judo. Als eenzeg lëtzebuergesch Judoka an der Delegatioun huet si dëst Joer eng ganz speziell Verantwortung gehat an huet net enttäuscht.
An de Kämpf zu Skopje huet d’Leni mat enger grousser Iwwerraschung ugefaangen: am bloe Kimono konnt si d’Weltmeeschterin vun 2024 bezwéngen. Duerno koum et zu weideren intensiven Dueller géint Sportlerinnen aus Däitschland an der Belsch – mat villen Emotiounen, Verletzungen a spannende Momenter. Am Kampf ëm d’Bronzemedail huet d’Leni Welter och nach emol alles ginn, et ass awer leider um Enn net duergaange fir eng Medail mat Heem ze huelen.
De Judo ass fir d’Leni awer net nëmmen d’Zil Medailen ze sammelen, de Judo ass fir si eng Sportaart, wou een immens vill ka léieren, Saachen op déi een och am Alldag kann zeréckgräifen. Et géing vill ëm Respekt an Disziplin goen an dat géing een och am Liewen duerno nach brauchen.
D’Geschicht vum Leni ass awer méi wéi nëmme Resultater op engem Tournoi: si erzielt vun engem Meedchen, dat mat sechs Joer mam Judo ugefaangen huet, haut am Sportlycée all Dag op en Neits fir hiren Héichleeschtungssport alles gëtt, a Schrëtt fir Schrëtt sengem groussen Zil méi no kënnt – eemol um Tatami vun den Olympesche Spiller fir Lëtzebuerg ze stoen.