Dës Woch sinn zu Wollongong an Australien d'World Triathlon Championship Finals. Hei ginn déi nei Weltmeeschteren am Triathlon gesicht.

En Donneschdeg war d'Course vun den U23-Hären (1,5km Schwammen, 40 Kilometer Vëlofueren, 10 Kilometer Lafen). Um Depart stounge mam Lucas Campresy an dem Théo Marti zwee Lëtzebuerger. No enger staarker Leeschtung huet sech de Cambresy als 10. klasséiert. De Lëtzebuerger war als 7. aus dem Waasser geklommen an hat sech mam Spëtzegrupp vun 12 Athleeten op de Vëlo gemaach. Um Enn hat hien e Retard vu ronn dräi Minutten op den U23-Weltmeeschter Oliver Conway aus Groussbritannien.

Fir den zweete Lëtzebuerger ass d'Course net esou gutt gelaf. Den Théo Marti hat nom Schwammen e Retard vu 25 Sekonnen a war am zweete Grupp. Um Vëlo hat hien am Ufank vum Parcours eng méi eng schwéier Chute an huet missen an d'Klinick. Iwwer seng Blessuren ass bis ewell nach näischt gewosst.

E Freideg sinn op der WM d'Junior-Courssen. Bei den Häre si mam Remi Hirschauer an dem Sebastian Ziekman zwee Lëtzebuerger um Depart. Bei de Juniorinnen ass d'Linda Krombach mat dobäi.

E Sonndeg de Moien um 5 Auer eiser Zäit ass d'Jeanne Lehair um Depart bei der Elite-Course. D'Lëtzebuergerin huet nach Chancen op de Weltmeeschtertitel. Si läit den Ament op Plaz 3 mat 2.716,45 Punkten. Un der Spëtzt leien d'Brittin Beth Potter an d'Franséisin Cassandre Beaugrand mat jeeweils 2.925 Punkten.