No véier gespillte Matcher am Grupp A vun der WM-Qualifikatioun hunn d'Rout Léiwen eréischt ee Gol geschoss.

E Méindeg huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp 0:2 an der Slowakei verluer. No véier Spilldeeg steet d'Ekipp vum Nationaltrainer Jeff Strasser mat 0 Punkten op der leschter Plaz am Grupp A. Virun allem offensiv happert et bei der FLF-Selektioun. Nëmmen ee Gol hunn d'Rout Léiwe bis dato markéiert. Bei der 1:3-Defaite géint Nordirland fir den Optakt vun der WM-Quali hat den Aiman Dardari den tëschenzäitlechen 1:1 geschoss. Den FLF-President Paul Philipp mengt, datt een dës Problemer intern léise muss. Och wann ëmmer rëm Rieds ass iwwer de Brian Madjo an den Dany Mota.

Paul Philipp iwwert déi offensiv Problemer vun der FLF-Selektioun

"Ech kéint mir ganz gutt virstellen, datt den Danel Sinani villäicht méi zentral kéint spillen an datt dann d'Säite bësse besser besat kéinte ginn. Hoffe mir, datt den Yvandro Borges an de Vincent Thill séier zeréckkommen. Den Trainer muss d'Léisunge fanne mat deem Grupp, deen am Moment do ass. Tant mieux, wann eng Kéier e Brian Madjo géif villäicht dee Wee huelen, deen d'Famill eis versprach hat. D'Diere stinn op beim Dany Mota. Ech menge mir kënnen net méi maachen, wéi mat hire Leit schwätzen an hinne soen, datt wann hie kënnt, datt hie wëllkomm ass, wann den Interêt do ass, vu senger Säit aus, an dee muss do sinn, soss brauch hien natierlech net ze kommen."

Dem aktuelle Stand no géing et net no enger Selektioun vum Brian Madjo oder vum Dany Mota fir déi lescht zwee Matcher an der WM-Quali géint Däitschland an Nordirland ausgesinn, esou de Paul Philipp weider.