Lëtzebuerger Dammen an den Aachtelsfinalle vu Portugal eliminéiert
© AFP (Archiv)
Fir d'Lëtzebuerger Dammen De Nutte, Dumont an d'Sadikovic-Schwësteren ass d'Dëschtennis-Ekippen-EM zu Zadar a Kroatien eriwwer.
D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Dammen-Nationalekipp huet en Donneschdeg op der EM an den Aachtelsfinalle mat 0:3 géint Portugal verluer an ass domadder eliminéiert. Duerch d'Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinallen hu sech d'Lëtzebuergerinnen awer fir d'WM 2026 zu London an d'EM 2027 zu Porto qualifizéiert.
Fir d'Lëtzebuergerinnen hunn d'Sarah De Nutte, d'Tessy Dumont an d'Enisa Sadikovic géint Portugal gespillt. D'Sarah De Nutte hat sech no engem 0:2-Réckstand géint d'Portugisin Yu Fu zeréckgekämpft an op 2:2 ausgeglach. Den decisive fënnefte Saz huet d'Lëtzebuergerin du knapp mat 10:12 verluer.
Och d'Enisa Sadikovic huet sech eréischt missen am fënnefte Saz mat 11:5, 7:11, 9:11, 11:5 a 6:11 geschloe ginn.
D'Tessy Dumont huet an dräi Sätz mat 4:11, 9:11 a 5:11 géint d'Shao Jieni verluer.