Weider Victoire fir d'Anne Simon a Campobasso am EuroCup

© FIBA
Um Mëttwoch waren dräi Lëtzebuerger Basketspillerinnen op europäescher Bün am Asaz.
An der Euroleague, der héchster europäescher Clubkompetitioun, huet d'Dionne Madjo mam Flammes Carolo en enke Match doheem mat 56:62 géint Galatasaray verluer. D'Nationalspillerin koum an 19 Minutten um Terrain op 3 Punkten a 4 Rebounds. Carolo huet no 2 Matcher eng Victoire an eng Defaite um Kont.
Am EuroCup huet d'Magaly Meynadier mat Saarlouis auswäerts mat 65:78 géint Crvena a Serbien verluer an domat déi zweet Néierlag am zweete Match kasséiert. Déi däitsch Ekipp hat kee gudden Dag, huet et insgesamt 49 Mol vun hanner der Dräierlinn probéiert an dovu just 12 Schëss getraff, d'Meynadier huet 7 Dräier donieft gehäit a konnt kee Punkt markéieren.
D'Anne Simon konnt sech mat Campobasso kloer auswäerts an der Belsch géint Castors Braine duerchsetzen. Um Enn stoung et 72:46 fir d'Ekipp aus Italien, déi domat ongeschloe bleift an no 2 Matcher 2 Victoiren um Kont huet. D'Lëtzebuergerin krut fréi am Match e Schlag an d'Gesiicht, konnt duerno awer weiderspillen a koum an 22 Minutte Spillzäit op 2 Punkten.
D'nächst Woch geet et fir d'Spillerinne weider mam drëtte Match vun der Kompetitioun.