Den Terrain 7 op de Flushing Meadows. Dat ass déi Plaz, wou dem Gilles Muller seng Karriär viru 17 Joer richteg ugefaangen huet.

Mir waren net just mam Mulles op de US Open bei sengem leschte Match dobäi, mee hunn hien a seng Famill och am Central Park getraff, fir ze kucken, wéi d'Zukunft ausgesäit. Weisen, wéi hien a sengem Liiblings-Japaner zu Manhattan seng "Pensioun" feiert. Mir hunn awer och säi beschte Kolleg vun der Tour, grad esou wéi de Rafael Nadal gefrot, wat si zu sengem Récktrëtt soen. A last but not least hu mer op der Receptioun gefilmt, déi d’Luxembourg House zu sengen Éiere ginn huet an hunn do eng Persoun begéint, an där hirem Liewe sech duerch dem Mulles seng Victoire géint de Rafael Nadal d'lescht Joer zu Wimbledon, munches geännert huet.

Enn August ass de Gilles Muller op den US Open an d’Tennis-Pensioun gaangen. Wéi huet hie seng lescht Deeg als Profi verbruecht a wéi soll et elo virugoen? Eng RTL-Ekipp war mam Mulles op New York, fir seng lescht Etapp hautno mat ze erliewen. De grousse Reportage, den Owend um 19 Auer am Magazin.