E Mëttwoch den Owend war an der BGL Ligue een Nodrosmatch vum 3. Spilldag.

Déifferdeng huet e Mëttwoch den Owend eng kloer a verdéngt 5:1-Victoire géint de Racing gefeiert. D'Gäscht hu souwuel defensiv, wéi offensiv ze vill vermësse gelooss. 

Schonn no dräi Minutte war d'Lokalekipp duerch de Bedouret a Féierung gaangen. Och nom 2:0 duerch de Pachecho an der 22. Minutt hat de Racing net vill entgéintzesetzen. Eenzeg mat engem Pottoschoss an der 44. Minutt goufe se Mol geféierlech. 

No der Paus huet d'Heemekipp de Gäscht séier de Wand aus de Seegele geholl, wéi se an der 53. Minutt den 3:0 duerch den Mfoumou markéiert hunn. Nom 4:0, wat e Selbstgol vum Hofland an der 62. Minutt war, huet bei den Déifferdenger d'Konzentratioun nogelooss an de Racing ass direkt zu e puer richteg gudde Golchancë komm. Vun dëse konnt de Stolz eng notzen an an der 83. Minutt op 1:4 setzen. Ma nëmmen zwou Minutte méi spéit huet den FCD03 nees zeréckgeschloen a mam 5:1 vum El Idrissi fir d'Schlussresultat gesuergt.

Domadder spréngt Déifferdeng mat 28 Punkten a mat engem Match manner nees un d'Tabellespëtzt.

Beetebuerg an Hesper an de 1/4-Finalle vun der Coupe

Bei den Damme sinn e Mëttwoch den Owend nach zwou Aachtelsfinallen an der Coupe gespillt ginn. Hesper huet Suessem mat 12:1 iwwerrannt a Beetebuerg huet Dikrech 2:0 geklappt.