ATP Challenger Tournoi
Chris Rodesch steet zu Bratislava an de 1/4-Finallen
© RAUL ARBOLEDA / AFP (Archiv)
E Mëttwoch den Owend huet sech de Lëtzebuerger an dräi Sätz géint säi Géigner behaapt.
De Chris Rodesch (ATP-Ranking 189) steet beim ATP Challenger Tournoi zu Bratislava an der Slowakei an de Véierelsfinallen. De Lëtzebuerger huet sech e Mëttwoch den Owend an dräi Sätz mat 7:6, 5:7 a 7:5 géint den US-Amerikaner Machenzie McDonald (ATP-Rankung 108) behaapt.
Den nächste Géigner vum Lëtzebuerger steet nach net fest. Et ass de Gewënner aus der Partie Eliot Spizzirri (ATP-Ranking 100) aus den USA an dem Chun-Hsin Tseng (ATP-Ranking 135) aus Taiwan.
Am meeschte gelies