Jets wannen éischte Match, Colts weider dominant
© Photo by Justin Casterline / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Siwe vun aacht Partie konnten d'Colts bis ewell gewannen, siwe vun aacht Partien hunn d'Jets bis haut verluer.
Nom aachte Spilldag gëtt et an der NFL keng Ekipp méi, déi nach kee Match konnt gewannen. Den Jets ass mat engem staarke leschte Véierel et gelongen, eng u sech scho bal verluer gegleefte Partie nach ze dréinen. Well de Start zu Cincinnati war fir d'New Yorker alles anescht, wéi ideal. Nom éischte Véierel war een nees 10:0 hannen. Am zweeten Quarter krut een dann zwar selwer Punkten op d'Tafel, ma d'Heemekipp konnt hiren Avantage weider ausbauen, dat op 24:13. Um Enn vum drëtte Quarter stoung et esouguer 31:16 fir d'Bengals. Ma dunn ass eppes bei de Spiller vun den Jets erwächt, déi net schonn nees als Loser vum Terrain wollte goen. Hir Defense stoung an de leschte 15 Minutten, si hunn een Touchdown zougelooss, an hirer Offense sinn hei eleng 23 Punkte gelongen. Mat nach zwou Minutte viru Schluss konnten d'Jets 39:38 a Féierung goen an nees duerch eng gutt Aarbecht vun hirer Defense, déi och an de leschte Matcher scho staark war, dat Resultat iwwert d'Zäit bréngen.
D'Saison de Colts leeft am Moment genau ëmgedréint zu där vun den Jets. Mat siwe gewonnene Matcher vun aacht sti si aktuell ganz uewen. Wisou dat esou ass, hu si och de leschte Weekend bei der géint 38:14-Victoire d'Titans gewisen. Just 14 Punkten hu si zougelooss an der selwer awer 38 gemaach. Eleng 14 am drëtte Véierel. Bei den Colts leeft et aktuell einfach an dat leit och un hirem Quarterback Daniel Jones, dee bei den Giants, déi hien 2019 an der éischter Ronn gedraft haten, ni richteg den Duerchbroch gepackt huet. Zanter dëser Saison steet hie bei de Colts am Huddle an huet mat senge konstante Leeschtungen e groussen Undeel drun, datt Indianapolis aktuell esou gutt do steet.
D'Resultater am Iwwerbléck
Minnesota Vikings - Los Angeles Chargers 10:37
Miami Dolphins - Atlanta Falcons 34:10
Chicago Bears - Baltimore Ravens 30:16
Buffalo Bills - Carolina Panthers 40:9
New York Jets - Cincinnati Bengals 39:38
San Francisco 49ers - Houston Texans 15:26
Cleveland Browns - New England Patriots 13:32
New York Giants - Philadelphia Eagles 20:38
Tampa Bay Buccaneers - New Orleans Saints 23:3
Dallas Cowboys - Denver Broncos 24:44
Tennessee Titans - Indianapolis Colts 14:38
Green Bay Packers - Pittsburgh Steelers 35:25
Washington Commanders - Kansas City Chiefs 7:28