Bayern a Leverkusen am DFB-Pokal weider, Metz feier éischt Ligue-1-Victoire
© AFP
Bayer huet Köln eliminéiert a Leverkusen huet Paderborn no Verlängerung erausgehäit.
E Mëttwoch den Owend war et d'Suite vun den 1/16-Finallen am däitschen DFB-Pokal an den 1/8-Finallen am EFL Cup an England. Donieft ass de Ball och nach an der Ligue 1 an an der Serie A gerullt.
DFB-Pokal
Bayern huet de Match géint Köln gedréint a steet an den Aachtelsfinalle vun der däitscher Coupe. Den FC louch no 31 Minutte mat 1:0 a Féierung, nëmmen zwou Minutten drop konnten déi Münchener ausgläichen a sech um Enn mat 4:1 duerchsetzen.
Leverkusen huet et an der 2. Ronn vum DFB-Pokal spannend gemaach. Eréischt no Verlängerung huet ee sech auswäerts mat 4:2 géint Paderborn aus der 2. Bundesliga behaapt.
Am Duell vun de Veräiner aus der 2. Bundesliga huet Kaiserslautern Greuther Fürth mam Lëtzebuerger Mathias Olesen eliminéiert. No 90 Minutte stoung et 1:0 zu Gonschte vum 1. FCK. Den Olesen stoung bei Fürth an der Startformatioun, hat kuerz virun der Paus Giel gesinn a war an der 81. ausgewiesselt ginn. Donieft hat Darmstadt beim 4:0 géint Schalke keng Problemer.
Magdeburg aus der 2. Bundesliga huet Illertissen aus der Regionalliga Bayern mat 3:0 geklappt.
Eng Ronn weider ass dann och den Titelverdeedeger Stuttgart, dat no engem 2:0 zu Mainz. A Freiburg huet Düsseldorf mat 3:1 geklappt.
EFL Cup
An de Véierelsfinalle steet Arsenal no engem 2:0 géint Brighton, Manchester City no engem 3:1 géint Swansea an Chelsea no engem 4:3 géint Wolves. Eliminéiert gouf Liverpool. An Ënnerzuel huet een 0:3 géint Crystal Palace verluer. Net méi mat dobäi ass dann och Tottenham no enger 0:2-Néierlag géint Newcastle.
Ligue 1
An der franséischer Ligue 1 huet den FC Metz um 10. Spilldag seng éischt Victoire vun der Saison gefeiert. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech mat 2:0 géint Lens duerchgesat. An der Tabell bleift Metz trotzdeem op der leschter Plaz.
De Champion PSG huet e Mëttwoch den Owend zwee Punkte leie gelooss. Auswäerts ass een net iwwer en 1:1 géint Lorient erauskomm.
Weider Detailer iwwer de Match fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Serie A
Am italieenesche Championnat bleiwen Napoli an d'AS Roum am Gläichschrëtt un der Tabellespëtzt. No der Victoire vun Napoli en Dënschdeg den Owend ass Roum e Mëttwoch den Owend nogezunn an huet sech duerch en 2:1 géint Parma dräi Punkte geséchert. An der Tabell hu béid Veräiner 21 Punkten.
Donieft huet Juventus Turin Udinese mat 3:1 geklappt. An Inter Mailand war Fiorentina mat 3:0 iwwerleeën.