VIDEO: Basket
Kid's Trophy zu Diddeleng - Basket fir déi Jonk
Fir déi 5. Kéier scho gouf zu Diddeleng den Kid's Trophy organiséiert.
Fir déi 5. Kéier scho gouf zu Diddeleng den Kid's Trophy organiséiert. Bäi dësem Tournoi kréien d'Poussinen d'Méiglechket sech mat aneren Ekippen ze moossen.
Eng Aktioun fir jonk Sportler a Sportlerinne gouf zu Diddeleng vum T71 organiséiert. Hei stoung Spill a Spaass am Virdergrond.
E Samschdeg haten déi jonk Spillerinnen a Spiller d'Geleeënheet, fir hir Form um Kid's Trophy zu Diddeleng ze testen. Eng éischte Kéier hunn déi Diddelenger dësen Tournoi mat enger Aktioun vun der Interreg Basket Academy kombinéiert - hei kruten déi Jonk een Abléck an de Rollstullbasket, deen hinnen eng aner Siicht op de Basketsport erméiglecht huet.
Ëmmer nees ginn och Ekippen aus dem noen Ausland agelueden, fir de Kontakt mat Sportler aus de Grenzregioun oprecht ze erhalen.
Am meeschte gelies