Ekippen-EM am DëschtennisLëtzebuerger Damme stinn an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
Vum 12. bis den 19. Oktober ass zu Zadar a Kroatien d'Ekippen-Europameeschterschaft am Dëschtennis.
© Xinhua via AFP (Archiv)

D’Lëtzebuerger Dëschtennis-Dammen (Sarah De Nutte, Tessy Dumont, Enisa Sadikovic a Melisa Sadikovic) hunn no der 1:3-Néierlag géint de Vize-Europameeschter Rumänien eng 3:2-Victoire géint Wales gefeiert a sech domadder déi zweete Plaz am Grupp hannert Rumänien geséchert. Domadder steet Lëtzebuerg an den Aachtelsfinalle vun der Ekippen-EM. Donieft ass d’Dammennationalekipp awer och fir déi nächst Ekippen-EM 2027 zu Porto wéi och fir d’Ekippe-WM 2026 zu London qualifizéiert.

An den Aachtelsfinalle kritt Lëtzebuerg et en Donneschdeg mat Portugal ze dinn.

PDF: Schreiwes FLTT

Back to Top
CIM LOGO