Am Kader vun der Virbereedung fir d'EM Qualifikatioun 2016, spillt d'Nationalequippe vu Lëtzebuerg e Frëndschaftsmatch géint de Bundesligist FC Köln.

Den 8. September kritt Lëtzebuerg et, an er Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2016, doheem mat Wäissrussland ze dinn.

Fir sech op dëse Match ideal virbereeden ze kënnen, spillen déi rout Léiwen Mëttwochs, den 3. September, géint den 1. FC Köln aus der Bundesliga.

Déi genau Auerzäit vum Match an och wou gespillt gëtt, steet awer nach net fest.