Hie konnt mat 2:01,92 Minutten den ale Rekord vum Raphaël Stacchiotti ëm 68 Honnertstel verbesseren, dëst op der EM zu Budapest.

An de Serië war dat Plaz 32 vu 36.

De João Carneiro war no der Course méi wéi zefridden. En hätt elo endlech de Landesrekord an en hätt och nach Reserven, esou de 17 Joer jonke Schwëmmer.

Iwwer 100 Meter Crawl verbessert den Pit Brandenburger seng eege Beschtzäit ëm 18 Honnertstel op elo 50 Sekonnen an 41 Honnertstel. De Ralph Daleiden Ciuferri verbessert seng Beschtzäit an där Disziplin ëm 67 Honnertstel op 50,11 Sekonnen.

Raphaël Stacchiotti iwwer Schwamm-EM / Rep. F. Hippert
RTL

© FLNS