Lëtzebuerger Damme starte mat klorer Victoire géint Irland
E Mëttwoch huet d'Dammennationalekipp den éischte Match vun der EM-Qualifikatioun 2027 gespillt.
Am éischte Match ënner dem neien Trainer Patrick Unger konnt sech d'FLBB-Selektioun auswäerts an Irland kloer mat 69:53 behaapten. Lëtzebuerg war dem Géigner a ville Beräicher iwwerleeën a louch schonn an der Paus 37:21 a Féierung. Nom Säitewiessel huet Lëtzebuerg de Virsprong weider ausgebaut an de Géigner zu kengem Moment an d'Spill komme gelooss. Esou konnt een Irland am drëtte Véierel op 5 Punkten halen an d'Partie war spéitstens no 30 Minutte virentscheet, um Enn wënnt Lëtzebuerg souverän.
Mat 13 Punkten an 10 Rebounds konnt d'Dionne Madjo iwwerzeegen, d'Magaly Meynadier (13 Punkten) an d'Anne Simon (14) hunn och zweestelleg getraff.
Um Samschdeg steet fir d'Ekipp schonn den nächste Match um Programm, da geet et auswäerts zu Riga (Lettland) géint Israel. Den nächsten Dënschdeg spillen d'Rout Léiwinnen an der Coque um Kierchbierg géint Bosnien Herzegowina.
D'Tabell am Grupp A
Lëtzebuerg 1 Match / 2 Punkten
Israel 1/2
Bosnien 1/1
Irland 1/1
© FIBA