36 Joer laang stoung de Marc Schreiner un der Spëtzt vum Lëtzebuerger paralympesche Kommitee.

Donieft war hie ronn 50 Joer am paralympesche Sport aktiv. Wéi en Dënschdeg an engem Communiqué matgedeelt gouf, trëtt de Marc Schreiner um Enn vum Joer vu sengem Posten zeréck.

"Am Sport ass dat e Moment, deen net ze evitéieren ass, deen een awer akzeptéiere muss. Ech muss zouginn, datt déi Flam vu Passioun iwwert all Joren, mëttlerweil wéinst Middegkeet ausgaangen ass. D'Grënn dofir si sécherlech mäi passionéiert an onermiddlecht Engagement. An all deene Joren hunn ech onvergiesslech Momenter materlieft. Momenter, déi ech ni vergiesse wäert a fir déi ech dankbar sinn. Ouni meng Leit ronderëm mech wier dat ni méiglech gewiescht. Ënner anerem natierlech meng Fra, déi mech joerzéngtelaang bedéngungslos ënnerstëtzt huet. Donieft awer och all déi Athleten, Traineren, Arbitteren, Frënn a Kolleegen, déi ech an all der Zäit kennegeléiert hunn. Den Datum fir mäi Récktrëtt ass den 31. Dezember 2025. Villmools Merci, datt d'Fakel weidergefouert gëtt." 

E Successeur gëtt an dësem Communiqué net genannt. Vun 1989 un ass de Marc Schreiner de President vum paralympesche Kommitee. Nieft senge sëllege Funktiounen am paralympesche Sport war hien och ënner anerem op eng Partie World Games, Paralympic Games an och Europameeschterschaften als Bouschéisser.