10. Editioun vum Symposium dréint sech ëm d'Unerkennung vum Sportskiné
© Archivbild
Den 21. an 22. November ass an der Coque de Symposium Sportskiné 2025. Et ass schonn déi 10. Editioun vun dësem Symposium.
A bei där Geleeënheet feiert d’SLKS, „d’Société Luxembourgeoise de Kinésithérapie du Sport“ gläichzäiteg hire 40. Anniversaire. Zil vum Symposium ass e wëssenschaftlechen Austausch. Mee et geet awer och drëms, d‘Spezialisatioun vum Sportskiné unzëerkennen.
D’Zukunft vun der Sports-Kinesitherapie läit dem Jérôme Pauls, President vun der SLKS, besonnesch um Häerz. Et gëtt nämlech keng unerkannte Spezialisatioun an der Kinesitherapie. Duerfir ginn et och ganz verschidden Niveaue vun der Formatioun. Verschidde Sports-Kinesitherapeuten hunn e Master gemaach, anerer just ganz kuerz eng Fortbildung. Mat deem Probleem start de Symposium den 21. November:
"An deem éischten Deel geet et drëms, datt mir versichen, d’Autoritéiten an eis Partner ze sensibiliséieren, datt et Zäit ass, d’Diskussioun iwwer d’Unerkennung vun der Sportskiné hei zu Lëtzebuerg unzefänken. An anere Länner, wéi der Belsch, der Schwäiz oder Holland, ass dës Spezialisatioun schonn offiziell unerkannt. Oder zumindest akademesch strukturéiert. Mir mengen, datt et zu Lëtzebuerg och an déi Richtung goe soll. Do geet et bei der Behandlung natierlech net nëmmen ëm Sportverletzungen, egal wéi en Niveau vum Sportler, egal wéi e Geschlecht, mee et geet och eigentlech ëm de Sport als Therapie u sech. Vill Leit mat chroneschen Erkrankungen, wéi Häerzkreeslaf-Probleemer, kënne vu geziilter Beweegung immens profitéieren, wa se richteg encadréiert ass. De Sportskiné spillt do eng ganz wichteg Roll an der sekundärer Präventioun, fir datt Sport sécher ugepasst a wierksam agesat ka ginn. Dowéinst brauche mir eben eng kloer Struktur an eng spezialiséiert Formatioun, fir esou, wéi an anere Beräicher vun der Medezin, dat kënnen ëmzesetzen. Also, wann een et esou ka soen: Wann een en Häerzprobleem huet, da geet een net bei den Orthoped, mee bei e Kardiolog. An esou ass et selwecht an der Kiné."
Um Site sportkine.lu oder op luxkine.lu fënnt een eng Lëscht vun de Leit, déi sech am Beräich Sportskiné spezialiséiert hunn.
Duerno weist de Prof. Romain Seil déi zentral Roll vum Sport-Physiotherapeut an der Betreiungsketten tëschent Dokter, Trainer a Sportler. De Sportskiné schléit d'Bréck tëschent dem medezineschen an der Praxis um Terrain.
E bëssen an déi Richtung geet och den Exposé vum Prof Verschueren vun der Universitéit vu Bréissel: "Hien ass eng international Referenz vun der Sportskiné. A sengem Virtrag wäert hien iwwer d’Präventioun an d’Reha vu Muskel- a Seeneverletzunge schwätzen. An iwwer dat, wou Fuerschung a Praxis sech perfekt ergänzen.", sou de Jérôme Pauls.
Samschdegmoies den 22. November geet et dann haaptsächlech ëm d’Verletzungs-Preventioun. Dësen zweeten Dag ass méi en theoreteschen Deel. Iwwerbelaaschtung, Achillesseene-Problemer a Problemer mat der Schëller sinn d’Themen. Nomëttes heescht et „Testing and practical application“. Do kritt een da gewisen, wéi een déi Theorie kann an d‘Praxis ëmsetzen.



