D'nächst Joer ass d'Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada. D'Tickete fir de Parking sinn deelweis méi deier wéi déi fir an de Stadion.

D'Urees op d'Matcher vun der Futtball-Weltmeeschterschaft d'nächst Joer kéinte fir verschidde Supporter richteg deier ginn. Fir d'Partien an de 5 Stadien an den USA huet de Weltfuttballverband FIFA e Site en Place gesat.

Zu Kansas City bezuelen déi Futtballbegeeschtert an der Gruppephas mat 75 Dollar, ëmgerechent 65 Euro, nach am mannsten. Zu Arlington an Miami klammen d'Präisser fir d'Halleffinall, wéi och de Match ëm Plaz 3, op 175 Dollar (151 Euro). Béid Stadie si mat dem ëffentlechen Transport net einfach ze erreechen.

Insgesamt kéinten d'Käschte fir d'Futtball-Supporter zimmlech grouss ginn. Fir de Match vun den USA zu Los Angeles läit de Präis fir en Ticket am Stadion tëscht ëmgerechent 484 an 2.363 Euro. Bei verschiddenen anere Matcher an der Gruppephas ginn et och Kaarten fir 60 Dollar (52 Euro) a sinn domadder méi bëlleg wéi d'Ticketen fir de Parking.

Wéi wäit déi jeeweileg Parkplaze vum Stadion fort sinn, ass nach net gewosst. Déi amerikanesch Stadien, déi vun American-Football-Ekippen genotzt ginn, hu ronderëm zwar gréisser Parkingen. Dës sollen awer deelweis ofgespaart oder fir aner Zwecker genotzt ginn.