Cristiano Ronaldo annoncéiert seng lescht WM-Participatioun
© AFP
D'Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada gëtt dem CR7 seng 6 a lescht WM. Dat huet de 40 Joer ale Portugis annoncéiert.
Ob de 5-fache Weltfuttballer dann och ee Schlussstréch ënnert seng Karriär an der portugisescher Nationalekipp zitt, ass nach net kloer. Zanter 2023 spillt de Cristiano Ronaldo bei Al-Nassr a Saudi-Arabien.
Mat der "Seleção" war den CR7 op 6 Weltmeeschterschaften mat dobäi. 2016 konnt hie mat Portugal den EM-Titel a Frankräich feieren. Donieft huet de portugisesche Rekordnationalspiller och 6 Mol d'Champions League, wéi och sëllege Championstitelen a Spuenien, Italien an an England gewonnen. D'Weltmeeschterkroun konnt sech den Cristiano Ronaldo nach net opsetzen.
Op der WM 2022 gouf Portugal vu Marokko an der Véierelsfinall eliminéiert. Fir d'nächst Joer op der Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada mat dobäi sinn, muss sech d'"Seleção" awer nach qualifizéieren. Mat enger Victoire en Donneschdeg géint Irland wier dat de Fall. Den CR7 hätt d'nächst Joer op der Weltmeeschterschaft 41 Joer.