An dräi Deeg spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der WM-Quali géint Däitschland.

Vun deene leschten 10 Matcher huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp just eng Partie gewonnen. An der aktueller WM-Qualifikatioun gouf et bis elo nëmmen Defaiten. De Knuet soll am beschten e Freideg platzen, da kréien d'Rout Léiwen am Stade de Luxembourg Besuch vun Däitschland.

De Christopher Martins iwwert de Match: "Et ass ëmmer eng schéin Experienz géint grouss Natiounen ze spillen. Als Lëtzebuerger gees de ëmmer op den Terrain, fir alles ze ginn an natierlech och fir Punkten ze huelen, och wann s de weess, datt et schwéier gëtt. Mee virum Match muss de ëmmer optimistesch sinn a Vollgas ginn."
 
35 Joer sinn et hir, datt déi Däitsch, deemools als Weltmeeschter, zu Lëtzebuerg gespillt hunn. 1990 gouf et eng sensationell 2:3-Defaite géint d'Ekipp vum Berti Vogts.

Zanterdeem huet d'FLF-Selektioun awer sou wäit evoluéiert, datt och géint den Tabelleleader am Grupp A alles dran ass. Déi 0:4-Néierlag zu Sinsheim spigelt dat aktuellt Potential vun de Roude Léiwen net zeréck. D'Ekipp vum Jeff Strasser hat an dëser WM-Campagne vill Pech. Trotzdeem wëll ee sech géint Däitschland zeréckkafen.

Den Aiman Dardari schwätz vun enger motivéierter Ekipp: "Mir kucken no vir a probéieren eis natierlech ze belounen, well zum Beispill géint d'Slowakei hu mir zwee gutt Matcher gemaach. Leider hu mir se awer verluer. Ech géif soen, datt jiddweree motivéiert ass, d'Ambiance ass gutt."
 
Fir de Jeff Strasser wier en Erfollegserliefnes géint Däitschland wichteg. Bis elo konnt den neien Nationaltrainer nach kee Punkt sammelen. No der WM-Qualifikatioun waarden dann och nach d'Playoff-Matcher an der Nations League géint Malta, fir net an d'Liga D ze falen.

Den Olivier Thill mengt, d'Ekipp wier prett: "Mir analyséieren an dann ass och um Trainer eis genau déi richteg Aufgabe mat op de Wee ze ginn. Mir sinn elo e Grupp mat 25 Profien. Ech mengen dat klappt och elo. Mir si prett. Mir schaffe seriö an ech mengen dat wäert eppes Guddes ginn."