E Freideg spillen d'Rout Léiwen an der WM-Qualifikatioun heiheem géint Däitschland. Déi Däitsch sinn no véier Spilldeeg Tabelleleader am Grupp A.

Aktuell steet d'DFB-Ekipp zwar op der 1. Plaz an der Tabell, muss awer weider Punkte sammelen. Hannendru laueren déi punktgläich Slowaken, d'Nordiren hunn och nëmmen 3 Punkte Retard. Eng Victoire am Stade de Luxembourg ass fir déi Däitsch quasi Flicht. Déi 0:2-Defaite um 1. Spilldag zu Bratislava an der Slowakei läit deenen Däitschen nach um Mo.

Eng Partie blesséiert Spiller

Ronn siwe Méint virun der Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada schéngt et, wéi wann den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann nach keng richteg Onze de Base fonnt huet. Opgrond vu Blessure muss de fréieren Trainer vun RB Leipzig a Bayern München ëmmer rëm ëmplangen. Ënner anerem de Jamal Musiala, de Kai Havertz an den Antonio Rüdiger feele weiderhi blesséiert. De Marc-André Ter Stegen ass zwar zanter kuerzem rëm am Opbau, de Golkipp ass beim FC Barcelona awer zur Nummer 2 degradéiert ginn a wäert sécherlech ee Wiessel am Wanter ustriewen. An der Lescht gouf hien, wéi och zu Sinsheim, vum Oliver Baumann vertrueden.

E Freideg muss den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann op den Nico Schlotterbeck verzichten. Den Defenseur vu Borussia Dortmund huet zanter dem Match e Samschdeg beim Hamburger SV eng Wonn um Fouss. E Mëttwoch koum d'Confirmatioun, datt de 25 Joer jonken Däitschen net spille kann. Donieft feelt och den Nadiem Amiri wéinst Problemer un den Adduktoren. Fir de Mëttelfeldspiller vu Mainz gouf den Assan Ouedraogo vun RB Leipzig nonominéiert. De Karim Adeyemi feelt giel gespaart.

Kader-Presentatioun, déi fir Diskussiounen suergt

Momentan preparéiert sech déi däitsch Futtballnationalekipp zu Wolfsburg op d'Partie géint d'Rout Léiwen. D'lescht Woch huet de Julian Nagelsmann säi Kader annoncéiert an dësen huet fir vill Diskussioune gesuergt. De Kölner Said El Mala gouf fir déi éischte Kéier selektionéiert. De Mëttelfeldspiller vum däitschen Opsteiger 1. FC Köln huet mat gudde Prestatiounen am Championnat op sech opmierksam gemaach, dorënner mat véier Goler an zwou Virlagen an 10 Matcher, huet awer nëmmen dräi Mol vun Ufank u gespillt.

Zeréck am Krees vun der Nationalekipp sinn dogéint de Leroy Sané vu Galatasary Istanbul an de Malick Thiaw vun Newcastle United. Zur grousser Verwonnerung verzicht de Julian Nagelsmann awer fräiwëlleg op den Angelo Stiller an de Robert Andrich. Och de Robin Koch, de Maximilian Beier, den Deniz Undav an de Robin Gosens goufen net selektionéiert.

Däitsch Futtballexperten hu virun allem déi Net-Selektioun vum Angelo Stiller kritiséiert, deen zanter senger Premiere am DFB-Trikot d'lescht Joer am September e feste Bestanddeel vun der däitscher Futtballnationalekipp war an och bei sengem Veräin VFB Stuttgart ëmmer besser spillt.

En déckt halleft Joer virun der WM an den USA, Mexiko a Kanada ass d'Stëmmung bei eisen däitschen Noperen net ganz optimal. Dat awer och, well d'DFB-Ekipp och an dëser WM-Qualifikatioun manner souverän agéiert, wéi dat virun e puer Joren de Fall war. Virun allem auswäerts hu sech déi Däitsch an der Slowakei an an Nordirland schwéier gedoen.