Frankfurt séchert sech 1. Plaz, Leicester muss an d'Conference League

Frankfurt steet an den 1/8-Finalle vun der Europa League. / © AFP
En Donneschdeg den Owend war dee leschte Spilldag an der Gruppephas vun der Europa League.
Am Grupp A stoung Lyon scho virum leschte Spilldag als Gruppenéischte fest an ass domadder fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. En Donneschdeg den Owend huet ee sech mat de Glasgow Rangers een 1:1 gedeelt. Fir d'Rangers ass et domadder déi 2. Plaz am Grupp an d'Qualifikatioun fir d'1/16-Finalle vun der Europa League. Op déi 3. Plaz ass Sparta Prag komm. Fir de Veräin aus der Tschechescher Republik geet et elo an der Conference League weider.
Am Grupp B war virum leschte Match Monaco net méi déi 1. Plaz ze huelen. Real Sociedad huet sech duerch eng 3:0-Victoire am direkten Duell géint Eindhoven nach déi 2. Plaz geséchert.
Am Grupp C war et bis zum Schluss ganz spannend. Souwuel fir Sparta Moskau (1:0 bei Legia Warschau) wéi och fir Neapel (3:2 géint Leicester City) gouf et eng Victoire um leschte Spilldag. Béid Veräiner hunn um Enn 10 Punkten um Kont, domadder huet den direkte Verglach den Ënnerscheed gemaach an do huet Moskau d'Nues vir. Moskau huet sech deemno déi éischt Plaz geséchert, dat virun Neapel a Leicester.
Frankfurt ass am Grupp D déi bescht Ekipp. Dem Veräin aus der Bundesliga ass en Donneschdeg den Owend een 1:1 bei Fenerbahce Istanbul duergaangen. D'Plazen 2 an 3 si fir Olympiakos Piräus an Istanbul.
Déi 1. Plaz am Grupp E ass fir Galatasaray Istanbul. Géint Lazio Roum huet een 0:0 gläichgespillt. Roum placéiert sech als 2.. Fir Olympique Marseille geet et an der Conference League weider.
Am Grupp F ass Roter Stern Belgrad déi stäerkst Ekipp. Am direkten Duell géint Sporting Braga ass een 1:1-Remis dofir duergaangen. Midtjylland ass 3. ginn.
Am Grupp G war Leverkusen déi éischt Plaz net méi ze huelen, do huet och d'0:1-Néierlag géint Budapest näischt méi geännert. Betis Sevilla huet mat 2:3 géint Glasgow de Kierzere gezunn, ma gëtt awer 2. Fir Glasgow ass et déi 3. Plaz.
Am Grupp H war och scho virum leschte Match kloer, datt West Ham United an den Aachtelsfinalle steet an Dinamo Zagreb an d'1/16-Finalle muss. Fir Rapid Wien geet et an der Conference League weider.
Den 13. Dezember ass d'Auslousung vun de 1/16-Finalle vun der Europa League. Nieft den 8 Gruppenzweeten aus der Europa League kommen hei och nach déi Gruppendrëtt aus der Champions League dobäi. Et sinn dat d'Veräiner: Leipzig, Porto, Dortmund, Sheriff (Sébastien Thill), Barcelona, Bergamo, Sevilla an Zenit.
Gespillt ginn d'1/16-Finallen de 17. an de 24. Februar.