François Bausch: D'Aarbechte wäerten d'nächst Joer ufänken

© RTL Télé Lëtzebuerg Archivbild
An enger weiderer parlamentarescher Fro geet et ëm den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn vun 2 op 3 Spuren.
Den Dossier vun der Ausschreiwung fir den Tronçon tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem ass an der Maach. D'Aarbechte wäerten do nach dëst Joer ausgeschriwwe ginn a kënnen Ugangs vum nächste Joer ufänken.
Dono ass et un den Tronçonen tëscht dem Beetebuerger Kräiz an der Grenz, dem Ëmbau vum Uschloss Léiweng, dem Ëmbau vum Beetebuerger Kräiz a schlussendlech um Stéck tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz.
Am Prinzip wëll een op Vollspäre verzichten an op zwou agëengt Spuere setzen, ausser op verschidde Weekender.
Am Chantiersberäich gëllt Vitesse 70, esou de Mobilitéitsminister Bausch.