"De séieren Tram dee kënnt!" Dat huet d'Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten Yuriko Backes e Méindeg virun der Press verséchert.

Séieren Tram op Bieles: Tracé gouf iwwerschafft / Reportage: Marlène Clement

2035 soll de séieren Tram vun der Stad op Bieles fueren. De geplangten Tracé gouf awer nach emol iwwerschafft. Esou soll elo zum Beispill definitiv een zousätzlechen Arrêt zu Wickreng dobäi kommen. Dat hunn d’Transportministesch Yuriko Backes an den Direkter vu Luxtram Helge Dorstewitz e Méindeg virun der Press confirméiert.

Dat ass awer net déi eenzeg Ännerung um geplangten Tracé. D'Konzept gouf dofir nach emol zesumme mat de sechs betraffe Südgemengen – Leideleng, Monnerech, Reckeng op der Mess, Schëffleng, Esch a Suessem – duerchgekuckt an optimiséiert.

D'Zil wier et, datt den Tram soll bei d'Leit kommen an net d'Leit bei den Tram, esou d’Erklärung vun der zoustänneger Ministesch: "Dat heescht zu Leideleng, datt mer op d’Säit vun der Zone d'activité kommen, net déi aner Säit. Dat mécht Sënn, well do sinn d'Aarbechtsplazen. Do ass, wou d'Leit och wëllen hikommen. Dat selwecht zu Wickreng. Dat heescht op der Säit vu Steebrécken mécht manner Sënn. Op der Säit zu Wickreng mécht Sënn. Well et ass do, wou d'Aarbechtsplaze sinn."

Um Zäitplang géing dat direkt näischt änneren, verséchert d’DP-Ministesch.

Den Tram géing wéi geplangt 2035 op Bieles fueren, allerdéngs kréie geplangte Statiounen dotëscht Retard, wéi de Luxtram-Direkter, op Nofro präziséiert: "Also wir werden die ersten beiden Abschnitte der Tram rapide bis nach Foetz bis 2031 in Betrieb nehmen. Das ist effektiv später als geplant, aber das Gesamtprojekt wird nach wie vor bis 2035 fertig sein. (...) Von daher ist der Impakt wesentlich geringer als er denn so aussieht. Aber ich denke es ist die Zeit wert zu warten. Ich denke, wir haben aus einem guten Projekt ein besseres gemacht."

Wat d'Dauer vum Trajet ugeet, esou geet den Helge Dorstewitz dovunner aus, datt ee mam neien Tracé knapp eng Minutt méi laang brauch, ewéi mam alen Tracé. D'Optimiséierunge géingen am Ganzen awer manner ewéi 5 Prozent vum gesamten Tracé betreffen.

"Von daher ist der Impakt wesentlich geringer als er denn so aussieht. Aber ich denke es ist die Zeit wert zu warten. Ich denke, wir haben aus einem guten Projekt ein besseres gemacht", sou den Helge Dorstewitz.

Dat iwwerschaffte Konzept hätt deemno och kee gréisseren Impakt op de Budget.

Wéi vill de séieren Tram Richtung Süden finalement wäert kaschten, war awer e Méindeg de Mëtteg weder vum Direkter vu Luxtram, nach vun der Ministesch gewuer ze ginn. Wann d'Etudë bis all ofgeschloss sinn, da géing een un de Finanzéierungsprojete schaffen, esou d'Yuriko Backes.

RTL

© Domingos Oliveira / RTL