Honda ZR-V
Kënnt een 1.000 Kilometer mat engem Honda ZR-V, dat mat just engem vollen Tank plus elektrescher Ënnerstëtzung? Zwou Woche laange konnte mir en testen.
Honda steet am Mëttelpunkt vun dësem Automag. Do war ee mam Modell ZR-V am Alldag ënnerwee. Challenge 1.000 Kilometer! Net um Stéck, mee mat enger Tankfëllung an elektrescher Ënnerstëtzung. Ob et gelongen ass de Japaner esou laang ze beweegen, éier et un d’Tankstell goung? De Chrstian Schmit souz hannert dem Volant a verréit eis et.
Loosse mir d’Kaz gläich aus dem Sak, nee, de Challenge 1.000 Kilometer gouf net gepackt, awer bal. Um Enn waren et 950 Kilometer, dat ass jo awer och net schlecht fir den eleganten Honda ZR-V SUV mat 57-Liter-Tank. De 4m57 laangen Honda ZR-V fält mat sengem Külergrill an de schmuele Scheinwerfer op.

© Christian Schmit
950km: dat heescht mir schwätzen net vun engem Elektroauto?
Jo an nee. Et ass wuel e Verbrenner mat E-Motor. Awer ouni Plug-In System, mee mat moderner Hybrid-Technik. D’Häerzstéck ass en 2 Liter Bensinner mat zwee Elektromotoren. Systemleeschtung dann 184 PS. Dat Hybrid-Zesummespill klappt iwwerdeems gutt.
Mir waren och op d’belsch Küst domat, a sinn, ofgesi vun Autobunn, erstaunlech vill elektresch gefuer. Geluede gëtt iwwert dem Fueren, Recuperatioun beim Bremsen, a Borne kann e lénks leie loossen.

© Christian Schmit
Di bekannte stufelos CVT Bôite wëll keng Sportalluren. Gläichméisseg acceleréieren ass d'Devise. 8 Sekonnen op 100 a bei eppes iwwer 170 ass Schluss. Fuerwierk a Lenkung sinn agreabel ofgestëmmt.
Wéi presentéiert sech den Interieur?
Alles läit do wou et soll, ass gutt verschafft an de Soft Touch gefält. Dat gëllt och fir d’Sëtzgarnitur. Plaz vir an hannen ass ganz generéis. Net ze vill Touchccreen, mee dee Screen kéint méi grouss ausfalen, an d’Grafik vum Navi ass net méi up to date. Smart Phone, Apple CarPlay an Android Auto geet.

© Christian Schmit
Wat musse mir dann op den Dësch bliederen, a wat vläicht als Fazit festhalen?
An där vun eis gefuerener Topversioun sinn et eng 47.000 Euro fir eisen Testauto. Kaum Optiounen, just dat Still Night Pearl Blue kascht extra.
Op dëser Plaz sollt awer och erwäänt ginn, dass Honda ganz generéis war, a mir den Testauto 2 Woche konnte beweegen. An dat ass awer längst net ëmmer esou bei anere Marken. An deenen 2 Wochen ass opgefall, dass esou en Honda ZR-V, dee jo dach schonn eng Zäitchen um Marché ass, nëmme seelen ze gesinn ass. Mir hunn der am Alldag just e puer begéint. Schued, well de Japaner huet duerchaus seng Qualitéiten, mee ka sech op där anerer Säit och net wierklech aus der "grande masse" un SUVen ervir hiewen. An op Allrad a soss Offroad-Eegeschafte muss jo souwisou ganz verzicht ginn.

© Christian Schmit