Vum 15. Oktober un an nach bis Enn 2027 wäert op der A13 tëscht Suessem an der Biff op e puer honnert Meter d'Vitess op 70 km/h limitéiert ginn.

Grond fir dëse Chantier ass eng Wëldbréck, déi tëscht der "Dreckswis" am Weste vun der Autobunn an dem Bobësch am Oste vun der A13 opgeriicht gëtt.

Wéi Ponts et Chaussées awer weider schreiwen, kann et wärend den Aarbechten och ëmmer nees dozou kommen, datt d'Streck ganz gespaart muss ginn. Dat géif een awer éischter op de Weekender oder Nuets maachen, fir den Trafic net ze vill ze belaaschten.