Virun der Stater Gare gëtt et nei Plazen, fir Leit mam Auto kënnen ofzesetzen.

D'CFL hu bei der Stater Gare eng nei "Kiss & Rail"-Zon a Betrib geholl. Dës Plaze si just geduecht, fir kuerz stoen ze bleiwen a Persounen ofzesetzen, déi den Zuch wëllen huelen.

Autoen dierfen dowéinst net méi wéi eng Minutt op dëse Plazen halen. Wann ee Leit, déi mam Zuch op der Gare ukommen, ofhuele wëll, dierf een dowéinst och net vun der neier Zon profitéieren, sou d'CFL an engem Communiqué.

D'Zon, an där bis zu véier Autoe stoe kënnen, ass direkt virum Vëlosparking vun der Gare. Si ass duerch vertikal Beschëlderung a gréng Markéierungen um Buedem ze erkennen an aus Sécherheetsgrënn mat Pottoen ofgegrenzt. Och hei ass d'maximal Zäit vun enger Minutt nach eemol kloer gekennzeechent.

Am Zesummenhang mat dëser Ännerung gouf och d'Kapazitéit, fir beim P+R nëmme kuerz ze parken, ugepasst. Fir déi, déi eng Persoun op de Quai begleeden oder ofhuelen, stinn elo aacht amplaz vu véier Plazen zur Verfügung. Hei kann ee maximal 30 Minutten halen.

Dës Plaze si bausse vum P+R Gare, riets direkt no der Barrière, a sinn duerch blo Markéierungen um Buedem ze erkennen.