De Fürerschäin ass fir vill Leit goldwäert.

Vill Leit zu Lëtzebuerg si schonn op d'Plastik-Versioun vum Permis ëmgeklommen. Ma 62.000 Automobilisten hunn nach deen am rosa Pabeierformat.

Mee et leeft eng Zäitschinn. Nom Januar 2033 sinn an der EU nëmmen nach Fürerschäiner am Plastiksformat erlaabt. Bis dohinner bleiwen d'rosa Pabeier-Fürerschäiner och valabel. Jidderee kann awer elo ewell de Permis vum ale Format fräiwëlleg via eng einfach Demande bei der SNCA austauschen. Bannent de leschten zwee Joer hunn dat iwwer 6.000 Leit gemaach.
 
Mee och den digitalen Permis steet ewell an de Startlächer. Déi entspriechend Demande gouf schonn am EU-Parlament ugeholl. No der Publikatioun am Journal officiel huet Lëtzebuerg véier Joer Zäit, d'Direktiv vum E-Permis an nationaalt Recht ëmzesetzen.

Dës Informatioune liwwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Françoise Kemp.