Luuchten- a Pneuekontroll vum 15. Oktober bis de 14. November

© ACL
Automobiliste kënnen hir Luuchten a Pneuen nees kontrolléiere loossen. En irreprochabelen Zoustand vum Gefier gëtt mat enger Vignette zertifiéiert.
Vum 15. Oktober bis de 14. November bidde Garagen, Kontrollstatiounen an den ACL dëse Service un. Am Kader vun der Preventiounscampagne fir d'Sécurité Routière wäert d'Police bis Enn Dezember verstäerkt Kontrolle maachen, ob d'Pneuen de Wieder- a Stroosseverhältnisser entspriechen an ob d'Luuchte funktionéieren.

Bei de Luuchte wäert et eng preventiv Phas bis den 19. November ginn, heescht et e Méindeg vun der Police. Sollt an deem Zäitraum festgestallt ginn, dass et e Problem mat de Luuchte gëtt, hunn d'Leit 5 Deeg Zäit, dës an d'Rei ze setzen a bei der Police virzeweisen, ouni dass se dofir e Protokoll kréien.
PDF: Schreiwes vun der Sécurité Routière
ACL: Campagne de prévention pneus et éclairage
Police: Campagne nationale de sécurité routière "Wanterzäit" 2025