Xavier Bettel: "Mir wëllen eis Suen erëm"

© afp (Archiv)
An engem Artikel vun der britescher Zeitung "Daily Mail on Sunday" huet sech de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel mat klore Wieder zum Brexit geäussert.
Et wär elo un der Zäit eng Analogie ze zéie mam Zitat vun der fréierer Premier Ministesch Margaret Thatcher "We want our money back", also "Mir wëllen eis Suen erëm".
1984 hat d'Premier Ministesch Thatcher nämlech 4 Milliarde Pond fir Groussbritannien zeréck gewonnen, nodeems si 4 Joer laang dofir Campagne gemaach huet, dass d'Brite manner Sue missten un déi Europäesch Gemeinschaft ginn. Dat als Ausgläich dofir, dass d'Insel deemools net souvill vun de Subventioune fir d'Landwirtschaft konnt profitéieren, well hir Wirtschaft méi op d'Schwéierindustrie gesat huet.
Elo wär et awer genee ëmgedréint, sou de Xavier Bettel. Déi britesch Regierung misst sech drop astellen eng Rechnung tëscht 40 a 56 Milliarden Euro ze kréie fir de Brexit. Dat wär awer net als Strof gemengt, mee eben de Respekt vun enger Verflichtung déi Groussbritannien mam Bäitrëtt an d'Europäesch Gemeinschaft agaangen ass.
Donieft huet de Premier et och net verpasst am Interview mat der "Daily Mail on Sunday" de briteschen Ausseminister Boris Johnson ze kritiséieren, deen iwwer dës déck Rechnung gesot hat, d'EU kéint laang op hir Sue waarden.