Däitschland mécht ëmmer nach gréisser Kontrollen laascht d'Grenzen.

An deem Kader huet d'Bundespolizei Tréier iwwert de Weekend elo nees eng Rei Leit un der Arees gehënnert.

Wéi d'Beamten en Dënschdeg matdeelen, goufen 78 Leit aus dem Verkéier gezunn, no deene gesicht gouf. Doriwwer eraus goufen och eng Rei Leit identifizéiert, déi aus Lëtzebuerg an aus der Belsch probéiert hunn, an Däitschland anzereesen, mee kee Recht dorop haten.

Insgesamt wieren zéng sougenannten Arees-Verweigerungen ausgesprach ginn. Néng Persoune wieren zeréck an de Grand-Duché geschéckt ginn, eng zeréck an d'Belsch.

Dovunner konnte sech der Bundespolizei no fënnef Persounen "net oder net komplett legitiméieren": véier vun hinnen hate schonn eng Asylprozedur zu Lëtzebuerg, a Frankräich oder an der Belsch lafen, an eng Persoun war als Asyldemandeur an Däitschland endgülteg ofgeleent ginn. Géint déi betraffe Persoune gëtt elo ermëttelt.

Duerch d'Persounekontrollen iwwert de Weekend ass et der Bundespolizei Tréier awer och gelongen, dräi Vermësstemeldungen ze sträichen. Dräi vermësste Mineure goufen opgeholl an un déi jeeweileg Jugendhëllef-Agence weiderginn.