Trump-Géigner Zohran Mamdani gëtt neie Buergermeeschter vun New York
New York huet en neie Buergermeeschter. US-amerikanesch Medie gesinn de lénken Demokrat Zohran Mamdani als Gewënner vun der Wal.
CNN no kënnt den Zohran Mamdani op 50,4 Prozent vun de Stëmmen, wärend den Onofhängegen Andrew Cuomo just op 41,6 Prozent kënnt. De Zohran Mamdani wäert deemno den Eric Adams als Gemengepapp vun der wichtegster US-Metropol ofléisen.
Dem US-President Donald Trump dierft dat guer net gefalen. De Mamdani gehéiert dem lénke Fligel vun der Demokratescher Partei un, an hien ass Moslem. Am Virfeld hat den Trump wësse gedoen, dass hie senger eegener Heemechtsstad nëmmen déi allernéidegst Iwwerweisungen aus de Staatskeese wäert zoukomme loossen, sollt de Mamdani Buergermeeschter vun New York ginn. Hie wär - Zitat Trump - e "Kommunist" an e "Juddenhaasser".
De 34 Joer alen Zohran Mamdani hat sech selwer als "Albdram fir den Donald Trump" beschriwwen. Fir d'Wal vum Mamdani z'evitéieren, hat de republikanesche President d'New Yorker opgeruff, de 67 Joer alen Andrew Cuomo ze wielen. Dat ass zwar och en Demokrat, awer ee manner progressiven, ewéi de Mamdani. Den Andrew Cuomo war als onofhängege Buergermeeschterkandidat ugetrueden, fir e politesche Comeback ze realiséieren: 2021 hat hien als New Yorker Gouverneur demissionéiert, well 11 Fraen him Belästegung reprochéiert haten.
US-Demokrate setze sech och bei Gouverneurswalen duerch
Iwwerhaapt schéngt en Dënschdeg e gudden Dag fir d'US-Demokrate gewiescht ze sinn. Si hu sech wéi et schéngt och bei de Wale fir d'Gouverneursposten an de Bundesstaate Virginia an New Jersey behaapt.
D'Demokratin Abigail Spanberger huet Prognose vun US-Medien no a Virginia mat 57,5 Prozent géint d'Republikanerin Winsome Earle-Sears (42,3 Prozent) gewonnen. D'Spanberger wier déi éischt weibleche Gouverneurin vum Bundesstaat Virginia.
Och am Bundesstaat New Jersey soll US-Medien no eng Fra d'Course gemaach hunn. D'Demokratin Mikie Sherrill hätt sech mat 56,2 Prozent géint den Jack Ciattarelli (43,2 Prozent) aus dem Donald Trump senge Reie behaapt, fir Gouverneurin vun New Jersey ze ginn.
De Vott gëllt an den USA als éischte wichtege Stëmmungstest no den éischten néng Méint vum Donald Trump sengem zweete Mandat am Wäissen Haus. Souwuel Virginia wéi och New Jersey gëllen allerdéngs och als traditionell Demokratesch Staaten.