Vermësst
Gesicht gëtt nom 14 Joer alen Anya Boissais
D'Police huet um Dënschdeg den Owend eng Vermësstemeldung erausgi fir d'Anya BOISSAIS. Fir d'lescht gouf et den 1. November um 18.30 Auer gesinn.
D'Meedchen ass tëscht 1m50 an 1m60 grouss, ass schlank a war schwaarz ugedoen, wéi et fir d'lescht gesi gouf. Seng Schong si wäiss/rosa.
Et kéint sinn, dass sech déi vermësste Persoun am Süde vum Land ophält, eventuell am Raum Esch-Uelzecht oder Beetebuerg.
Wien d'Meedche gesinn huet, oder soss Informatiounen iwwert et huet, soll sech wgl. bei der Police vun Ettelbréck mellen, dat via Telefon um (+352) 244 84 1000 oder via E-Mail op Police.ETTELBRUCK@police.etat.lu.
Am meeschte gelies