Bayern klappt an Ënnerzuel de PSG, Liverpool wënnt géint Real Madrid
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP
En Dënschdeg den Owend war et den Optakt vum 4. Spilldag an der Ligaphas vun der Futtball-Champions-League.
Véiert Victoire am véierte Match fir Bayern. En Dënschdeg den Owend huet sech den däitsche Rekordchampion mat 2:1 beim PSG behaapt. Den Diaz hat d'Bayern mat 2:0 a Féierung bruecht. No engem uerge Foul vum Diaz um Hakimi waren d'Gäscht an der zweeter Hallschent nëmmen nach zu 10 um Terrain. De franséische Champion huet alles probéiert, fir no schwaachen éischte 45 Minutten nach wéinstens e Punkt doheem ze behalen, ma méi wéi den 1:2 duerch den Neves war awer net dran.
Nach ongeschloen ass och Arsenal. Bei Slavia Prag gouf et eng 3:0-Victoire. Bei de Londoner konnt de Youngster Dowman e Meilesteen feieren. Hie gouf an der 72. Minutt fir den Trossard agewiesselt an huet mat 15 Joer an 308 Deeg als jéngste Spiller iwwerhaapt säin CL-Debut ginn.
Liverpool huet sech mat 1:0 géint Real Madrid duerchgesat. Fir Atlético Madrid gouf et eng 3:1-Victoire géint d'Union St. Gilloise. Juventus Turin a Sporting hu mat engem 1:1-Gläichspill d'Punkte gedeelt. Bodo/Glimt huet sech misse mat 0:1 géint Monaco geschloe ginn. Tottenham huet eng kloer 4:0-Victoire géint Kopenhagen gefeiert.
Neapel an Eintracht Frankfurt hu sech mat engem 0:0-Remis getrennt. D'Gläichspill bréngt keng vu béiden Ekippe weider. Si hunn allebéid 4 Punkten um Konto. An en 1:1-Remis gouf et nach tëscht Olympiacos Piräus an dem PSV Eindhoven.
Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video
PSG - Bayern 1:2
0:1 Diaz (4'), 0:2 Diaz (32'), 1:2 Neves (74')
Fir d’Bayern huet de Match optimal ugefaangen. Schonn no véier Minutte konnt den Diaz den däitsche Rekordchampion mat 1:0 a Féierung bréngen. E bëssen aus dem Näischt eraus louch de Ball an der 22. Minutt am Gol vun de Bayern, mee de Gol vum Dembélé huet wéinst Abseits net gezielt. Nëmmen dräi Minutten drop huet de Ballon d’Or-Gewënner misse vum Terrain. Eréischt am Oktober war hien no enger Blessur zeréckkomm, mee elo schéngt hien nees duerch eng nei Verletzung gebremst ze ginn. An der 32. Minutt koum e weidere Réckschlag fir d’Heemekipp. Zentral virum eegene Strofraum hat de Marquinhos kuerz Zäit, mee hien huet dat Ganzt ze lässeg geholl a krut vum Diaz de Ball vum Fouss geklaut. De Kolumbianer stoung doropshin eleng virum Chevalier an huet souverän zum 2:0 verwandelt.
De PSG huet sech och duerno schwéier gedoen a war hannendran extrem onsécher, sou datt d'Gäscht ëmmer nees geféierlech virun de géigneresche Gol komm sinn. E weidere Gol sollt an den éischte 45 Minutten net méi falen, mee d'Ekipp vum Kompany huet sech kuerz virum Pausepëff selwer nach geschwächt: De Mann vun de béide Goler, Diaz, krut kuerz virun der Paus déi rout Kaart gewisen. No engem schroe Foul um Hakimi, bei deem dee sech um Fouss blesséiert huet a vun zwee Doktere vum Terrain begleet gouf, gouf de Spiller vun de Bayern vum Terrain gesat.
An der zweeter Hallschent huet Bayern München sech mat engem Mann manner um Terrain virun allem drop konzentréiert, fir hanne gutt ze stoen an esou e méigleche Géigegol ze verhënneren. Dat ass hinnen am Ufank och gutt gelongen. Dem PSG ass awer och net all ze vill agefall. An der 74. Minutt huet d'Defense vun de Gäscht allerdéngs net gutt ausgesinn an esou konnt den Neves op 1:2 verkierzen.
Déi lescht 15 Minutte vun der Partie waren nach emol spannend. De PSG huet ëmmer gedréckt an e weidere Gol gesicht. An der 78. Minutt huet den Neuer den Ausgläich verhënnert. Hie konnt de Schoss virum Fënnefmeterraum vum Zaire-Emery staark paréieren. De PSG huet ëmmer méi Drock gemaach, ma d'Bayern stoungen hannendra ganz kompakt an hu sech kee Feeler méi geleescht, sou datt si um Enn déi dräi Punkte mat op München huelen.
Liverpool - Real Madrid 1:0
1:0 Mac Allister (61')
Atlético Madrid - Union St. Gilloise 3:1
1:0 Alvarez (39'), 2:0 Gallagher (72'), 2:1 Sykes (80'), 3:1 Llorente (90+6')
Neapel - Eintracht Frankfurt 0:0
Slavia Prag - Arsenal 0:3
0:1 Saka (32', Eelefmeter), 0:2 Merino (46'), 0:3 Merino (88')
Juventus - Sporting 1:1
0:1 Araujo (12'), 1:1 Vlahovic (34')
Bodo/Glimt - Monaco 0:1
0:1 Balogun (43')
Tottenham - Kopenhagen 4:0
1:0 Johnson (19'), 2:0 Odobert (51'), 3:0 van de Ven (64'), 4:0 Palhinha (67')
Olympiacos Piräus - PSV Eindhoven 1:1
1:0 Martins (17'), 1:1 Pepi (90+3')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.