Kuerz virum Optakt vun der COP30 ënnersträichen d'Vereenten Natiounen d'Drénglechkeet, d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

Wa sech näischt ännert un der aktueller weltwäiter Klimapolitik, da géing d'Äerd bis zum Enn vun dësem Joerhonnert op 2,8 Grad Äerderwiermung zousteieren, am Verglach mat der pre-industrieller Zäit. Dat deelt den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) mat Sëtz zu Nairobi en Dënschdeg mat.

D'Zil vun 1,5 Grad aus dem Paräisser Klimaofkommes géing méiglecherweis scho bannent dem nächste Joerzéngt iwwerschratt ginn.

Souguer wann all déi Klimaschutz-Versprieche géifen agehale ginn, déi bis ewell gemaach goufen, géif d'Äerd nach ëmmer op eng Erwiermung vun tëscht 2,3 bis 2,5 Grad bis 2100 duergoen, heescht et am Emissions Gap Report vun der UNEP en Dënschdeg.

Ma un der Ëmsetzung vun dëse Verspriechen hapert et dem UNEP-Rapport no staark. De facto steiert d'Äerd also net op déi 2,3 bis 2,5 Grad duer, ma souguer op eng Erwiermung vun 2,8 Grad bis 2100.

2015 war am Paräisser Klimaofkommes nach festgehalen, déi global Erwiermung méiglechst op 1,5 Grad am Verglach zum pre-industriellen Zäitalter ze begrenzen. An der Wëssenschaft ass ee sech eens, datt eng méi staark Erwiermung katastrophal Folge wäert hunn, wéi zum Beispill ëmmer méi schro Stierm a méi laang Drécheperioden.

Ma nodeems déi lescht Joren een Temperaturrekord deen nächste gejot huet, zeechent sech of, datt dës 1,5-Grad-Grenz schonn an den nächste Joren iwwerschratt wäert ginn. Dowéinst muss et bei den internationale Klimaverhandlungen elo drëm goen, d'Iwwerschreide vun dëser Grenz esou wäit wéi méiglech anzedämmen.

D'Länner halen hir Verspriechen net

Fir de Schued ze begrenzen, misste virun allem déi gréisste Verursaacher hir Emissioune méi séier a méi staark reduzéiere wéi bis ewell. Der Opfuerderung, hir national Klimaziler méi streng ze maachen, koume bis Enn vun der Frist am September just ronn 60 vun den am Ganzen 190 Länner no, déi dem Paräisser Klimaofkommes bäigetruede sinn.

"Den Éiergäiz an d'Mesure ginn néierens och just usazweis duer", esou d'Klima-Expertin Anne Olhoff, déi um UNEP-Rapport bedeelegt war, géigeniwwer der AFP. Den Experten no si sech domat méi an och méi schro Wieder-Evenementer ze erwaarde wéi Stierm, Dréchenten an Iwwerschwemmungen.

Iwwerdeems klëmmt och d'Gefor, datt sougenannte Klima-Kipppunkte méi fréi erreecht ginn, duerch déi de Klimawandel dann nach emol méi séier virugeet. Esou ass d'Äerd schonn elo ze waarm, fir en dauerhaft Iwwerliewe vun den tropesche Koralleriffer ze erméiglechen. Wann d'Äerderwiermung net op däitlech ënner 2 Grad begrenzt gëtt, dierft dëst schwéier an dauerhaft Folge fir d'Äiskappen un de Polen an och fir den Amazonas-Reebësch hunn.

Global Emissioune ginn erop, net erof

Trotzdeem ginn déi global Emissioune weider erop - 2024 war et dem Rapport no eng däitlech Hausse ëm 2,3 Prozent am Verglach zum Joer virdrun. Dozou huet virun allem Indien bäigedroen, viru China, Russland an Indonesien. Déi 20 féierend Industrie- a Schwellelänner, déi sougenannten G20, waren der UNEP no fir dräi Véierel vun den Emissioune verantwortlech a vun de sechs weltgréisste Verschmotzer huet 2024 just d'EU hir Emissioune reduzéiert.

Zu Belém a Brasilien beroden en Donneschdeg an e Freideg Staats- a Regierungscheffen iwwer d'Klimakris. Déi eigentlech UN-Klimakonferenz, d'COP30, geet e Méindeg an der Milliounestad Belém lass, déi am Amazonas-Gebitt läit.