Nach ëmmer keen Accord um Dësch
Zanter en Dënschdeg de Moie verhandelen d’Ëmweltminister vun de 27 EU-Memberstaaten zu Bréissel fir gemeinsam Klimaziler festzeleeën.
En vue vun der Weltklimakonferenz, déi nächste Méindeg a Brasilien ufänkt, hätt d’EU eigentlech schonn Enn September Tëschenziler bis 2035 missen areechen. Bis en Dënschdeg den Owend konnt ee sech awer mol nach net op Ziler bis 2040 eenegen.
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Propositioun vun der EU-Kommissioun fir Zäregas-Emissioune bis 2024 ëm 90% ze reduzéieren am Verglach zu 1990. Verschidde Memberlänner géifen awer nach ëmmer blockéieren, si wéilte just bis –85% oder een nach manner ambitiéist Zil, esou de Serge Wilmes am RTL Interview.
Och wier ee sech nach ëmmer net eens iwwer d’Héicht vu Klimakreditter, also Investitiounen am Ausland mat deenen ee seng Klimabilanz verbessere kann. D’EU-Kommissioun gesäit e Seuil vun 3% vir. Ma och hei géife verschidde Memberstaaten nach ëmmer u 5% oder souguer méi festhalen. Ze vill, seet ënner anerem Lëtzebuerg.
Deemno gëtt weider verhandelt, och op bilateralem Niveau, fir sech awer nach eens ze ginn iwwer gemeinsam Klimaziler. Dat wär wichteg fir d’Credibilitéit vun der EU. “D’Europäesch Unioun wëll gär Leader sinn. A virun allem: an deem hei Beräich kënne mer nach Leader sinn, well där Beräicher ginn et der net méi vill an deem d’EU ka Leader sinn. A mir hunn et awer bis elo nach net fäerdeg bruecht, eis op esou en Tëschenzil ze eenegen. Dat schued eiser Credibilitéit. Dat schued eisem Leadership. Dofir musse mer haut hei beweisen, datt d’Europäesch Unioun nach ëmmer fäeg ass fir Leadership ze iwwerhuelen.”
Äerderwiermung vun 2,8 Grad bis 2100
Am Virfeld vun der COP30 hunn d’Vereenten Natiounen haut déi nei Estimatioune fir d’Äerderwiermung virgestallt. 2,8 Grad Celsius méi, wäit iwwer den 1,5 Grad, déi bei der Paräisser Klimakonferenz 2015 festgehale goufen. An dat just ënner der Konditioun, datt d’Länner iwwerhaapt hir national Klimaziler anhalen.
Et géif een alles drusetze fir nach um Dënschdeg Owend zu Bréissel Accorden ze fannen, ënnersträicht de Serge Wilmes. Dat wär wichteg fir d’Ëmwelt, awer net nëmmen. “D’Konsequenze vum Klimawandel wäerte kaschten. Wa mer lo net versichen, déi Efforten an elo déi Investitiounen ze maache fir datt mer och kënnen Zukunftsmarchéë fir eis kréien. Well mir hätte jo all gär Wuesstem, ma de Wuesstem vun der Zukunft ass een nohaltegen an dee gëtt elo decidéiert.”
Fir en Accord brauch et eng qualifizéiert Majoritéit. Dat bedeit, datt op d'mannst 55% vun den EU-Memberstaate (15 vu 27) mussen averstane sinn. An dës musse méi wéi 65% vun der EU-Populatioun representéieren.