International Kritik um Virgoe vum US-Militär an der Karibik
© JUAN BARRETO / AFP
US-Krichsschëffer schéissen an der Karibik op venezuelanesch Booter. Ma wat stécht hannert dem Virgoe vum US-Militär?
Zënter Wochen explodéieren an der Karibik Booter, et gëtt zeg Doudesaffer. Den US-Militär attackéiert eegenen Aussoen no Banden, déi illegal Drogen an d‘USA wëlle schmuggelen. Washington weist mam Fanger op Caracas an op de President vu Venezuela, den Nicolás Maduro. Déi genee Hannergrënn a Motivatioune vun den USA sinn awer net ganz kloer.
Effektiv steet d‘Fro am Raum, wourëm et der US-Regierung eigentlech geet a wat si beweegt, därmoosse militäresch d‘Muskele spillen ze loossen, datt ëmmerhin dat gréisste Krichsschëff vun der Welt a Richtung Latäinamerika ënnerwee ass. Offiziellen Aussoen no wëll Washington Drogebande bekämpfen, sougenannten Narco-Terroristen déi mat hire Produiten den Amerikaner schueden.
Den Donald Trump reprochéiert sengem Homolog Nicolàs Maduro, mat Drogekarteller zesummenzeschaffen. Et gëtt esouguer e Kappgeld fir eng Verhaftung vum Maduro an Héicht vu 50 Milliounen Dollar. Venezuela gëllt anescht wéi Mexiko a Kolumbien awer net onbedéngt als Haaptacteur bei der Produktioun a beim Schmuggele vun Drogen. Vu ville Säite gëtt dohier gemengt, datt et dem Donald Trump net just ëm Drogen, ma vill méi ëm e politesche Muechtwiessel a Venezuela geet.
An engem net onëmstriddenen Interview op CBS sot den US-President der Journalistin Norah O‘Donnel e Sonndeg op alle Fall, datt d‘Deeg vum Maduro gezielt wieren: "Ech géing soen: 'Jo, Ech denken, datt d'Deeg vum Maduro gezielt sinn'."
De Maduro weist d‘Droge-Reprochë vu sech. An engem offizielle Statement sot hie virun e puer Deeg, datt d‘Amerikaner hei e Krich géingen erfannen: "Si erfannen e Krich, de mir awer verhënnere wäerten."
Et géing Washington a Wierklechkeet drëm goe fir un d‘Pëtrolsreserve vu Venezuela ze kommen, déi iwwer 300 Milliarden Dollar wäert sinn, sou den Nicolás Maduro, e kontroverse Lénks-Nationalist, deem no de leschte Wale Manipulatioune virgeworf goufen.
Moskau stellt sech iwwerdeems hannert Caracas a schwätzt vun iwwerdriwwener militärescher Gewalt vu Säite vun den USA. Awer och soss kënnt vun internationaler Säit staark Kritik un den amerikaneschen Anti-Drogen-Operatiounen, well ouni Beweiser Booter ofgeschoss, a Leit doutgemaach géife ginn. Experten hannerfroen d‘Legalitéit vun dësen Attacken. D‘Vereenten Natioune schwätzen esouguer vun engem Broch vum Vëlkerrecht.
Ma wéi geet et weider a wéi wäit ginn d'USA? Den Donald Trump fir säin Deel huet de Weekend wësse gedoen, datt keng direkt militäresch Aktioune géint Venezuela geplangt wieren.