Den Taifun "Kalmaegi" huet en Dënschdeg op de Philippinnen fir Doud an Zerstéierung gesuergt: Iwwer 40 Leit si gestuerwen, 400.000 goufen evakuéiert.

Duerch den Taifun "Kalmaegi" sinn op de Philippinnen iwwer 40 Leit ëm d'Liewe komm, wéi et en Dënschdeg vun den Autoritéiten heescht. 400.000 Leit konnten am Viraus aus de menacéierte Gebidder a Sécherheet bruecht ginn. Virun allem betraff war op de Philippinnen d'Insel Cebu, wou ganz Uertschaften iwwerschwemmt goufen. A Videoen, déi vun der Noriichtenagence AFP iwwerpréift goufen, war ze gesinn, wéi Autoen, Camionen a Schëffscontainer vum Waasser matgerappt goufen.

Eleng an der Provënz Cebu sinn den Autoritéiten no 39 Leit ëm d'Liewe komm, woubäi d'Doudesaffer aus der Stad Cebu nach net agerechent waren. Do goufen ënnert anerem d'Läiche vun zwee Kanner gebuergen, wéi de lokale Katastropheschutz matgedeelt huet. D'Rettungsdéngschter probéieren den Ament weider, Mënschen aus den iwwerschwemmte Gebidder ze retten. Aus anere Provënze vum Land goufen op d'mannst fënnef Doudeger gemellt.

De "Kalmaegi" ass mat Wandvitesse vun 130 Kilometer an der Stonn iwwer d'Land gezunn, deels wiere souguer 180 Stonnekilometer gemooss ginn. Schonn an de 24 Stonnen, éier de "Kalmaegi" op d'Land getraff war, waren an der Regioun dem staatleche Wierderdéngscht no 183 Liter Reen pro Quadratmeter gefall. Dëst wieren däitlech méi wéi den Duerchschnëtt vun 131 Liter de Mount.

Am Laf vun der Woch soll de "Kalmaegi" de Vietnam erreechen, wou et an de leschten Deeg scho Rekordreefäll gouf.