Et ass den decisiven Ament fir de Jean-Claude Juncker, deen ouni gréisser Debatte méi, dierft als EU-Kommissiounspresident designéiert ginn.

De britesche Premier Cameron huet bei senger Arrivée um Freideg de Mueren zu Bréissel nach emol insistéiert drop, datt den Ex-Premier déi schlecht Persoun wier, fir d'Kommissioun ze leeden.

Domat läit den Englänner net op der Ligne vun den aneren EU-Vertrieder, déi hannert der Juncker-Kandidatur stinn, sou datt hien dierft am Conseil iwwerstëmmt ginn.

Nodeems et nämlech zënter den Europawahlen op emol net méi sécher war, datt et de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun am Europaparlament, de Jean-Claude Juncker géif ginn, ass de Widderstand géint hien awer an Tëscht wesentlech méi kleng ginn: als Géigner si just, Groussbritannien an Ungarn iwwreg bliwwen.

An och wann et bis elo Usus war, datt ee Kandidat all d'Länner hannert sech hat, ass dat dem Traité no awer net néideg.
Iwwer dem Mëttegiessen analyséieren déi 28 fir unzefänken, déi aktuell Lag an der Ukrain an dann eréischt geet et ëm d'Nominatioun vum Jean-Claude Juncker.

Dat dierft awer méi spéit am Nomëtteg ginn. RTL hält iech um Lafenden.

Wann de Jean-Claude Juncker um Freideg designéiert gëtt, da géif am Europaparlament de 16. Juli doriwwer ofgestëmmt ginn.

RTL

Weider Spëtzeposte sollen um Freideg keng méi verdeelt ginn. Wéi et heescht soll dat de 17. Juli op engem ausseruerdentleche Sommet geschéien, wou et ëm d'Successioune vu Van Rompuy, Ashton an der Euro-Grupp-Presidence geet. D'dänesch Premierministesch Thorning-Schmit sot en Donneschdeg, datt si net Kandidatin fir de Poste vum Conseilspresident wier, fir dee sech Frankräich interesséiert, mat do dem Jean-Marc Ayrault als Kandidat.

Als méiglech Nofolgerin vun der Catherine Ashton ass d'italienesch Ausseministesch Federica Mogherini an der Diskussioun.

Dës Kéier ass den EU Sommet an zwou Stied: E Freideg wéi gesot, zu Bréissel, mä en Donneschdeg war en zu Ypres, am Weste vun der Belsch ugaangen. Dat mat enger Commemoratiounszeremonie fir den Ufank virun 100 Joer vum 1. Weltkrich. Ypres ass eng Symbolstad fir d'Grausamkeet vun deem Krich mat alleng do, ëm eng Hallef Millioun Doudegen. An op där Plaz waren et en Donneschdeg dës Wieder vum EU Conseilspresident Herman Van Rompuy:

AUDIO: Den Herman Van Rompuy

De Premier Xavier Bettel huet en Donneschdeg dem Jean-Claude Juncker nach emol de Réck gestäipt. Och wann hien zu Lëtzebuerg an der Vergaangenheet net mat allen Decisioune vu sengem Virgänger averstane war, et wiere Feeler geschitt, mä alles en hätt ganz sécher net alles falsch gemaach. D'EU Politik wier souwisou eng Saach an National Politik eng aner.

An no Ypres en Donneschdeg, kuckt d'EU um Freideg also nees op Bréissel, wann de Kandidat fir nächsten EU-Kommissiounspresident, genannt gëtt.

RTL

Um Freideg de Moien ass de leschten Deel vum Associatiounsofkommes tëscht der EU an der Ukrain. Genee wéi ähnlech Accorde mat Georgien a Moldau ënnerschriwwe ginn. Den ukrainesche President Petro Poroschenko huet zu Bréissel vun engem historeschen Dag geschwat. Zukünfteg Generatioune wäerte sech un dësen Dag erënneren, sot de Rotspresident Herman Van Rompuy, dee vu Meilesteener an der Geschicht vun de Relatiounen vun de Länner geschwat huet.

Nodeems d'Ukrain an d'Europäesch Unioun den Associatiounsaccord ënnerschriwwen hunn, huet Moskau direkt mat serieuxe Konsequenze gedreet.

AUDIO: De Reportage vum Diane Klein (27/06/2014 - 7h30)
RTL

© Diane Klein / RTL

Op engem Chantier, direkt nieft dem Conseilsgebai haten eng 30 Greenpeace Aktivisten um Freideg de Moien eng spektakulär Aktioun lancéiert: 5 vun hinnen hu sech um Aarm vun engem héije Kran ugeseelt an erofhänke gelooss. Op Transparente war een Auto ze gesinn, mat de Logoe vu Pëtrols- an Elektrizitéitsfirmen.

D'Ëmweltaktiviste wollten op déi Manéier dogéint protestéieren, datt d'EU Kommissioun proposéiert, fir an Zukunft weiderhin op fossil Energien ze setzen, fir méi onofhängeg vu russeschem Gas a Pëtrol ze ginn. Domat hätt si dem Drock vun de Pëtrolslobbyen noginn an net genuch déi erneierbar Energiequelle berücksichtegt.