An der Géigend vu Münster
De komplette Rotor vun engem Wandrad ass op de Buedem gefall
© Envato Fokkebok
Zu Havixbeck an der Géigen vu Münster ass de komplette Rotor vun engem Wandrad erofgefall.
Wéi e Spriecher vun der Police op der Plaz matgedeelt huet, wier beim Tëschefall glécklecherweis kee blesséiert ginn. Et ass nach net gewosst, firwat de Rotor erofgefall ass.
Wéi et vum Landkreis Coesfeld heescht, an deem Havixbeck läit, wier de Rotor aus enger Héicht vu ronn 125 Meter erofgefall. Et hätt een de Bedreiwer vum Wandrad virsiichtshallwer ugewisen, zwee weider Wandrieder vum nämmlechten Typ, déi hien an der Géigend bedreift, zäitweis auszeschalten.
Am meeschte gelies