Wann de Mercosur-Fräihandelsaccord geschwënn a Kraaft trëtt, sollen op béide Säite eng 90% vun den Import-Export-Taxe reduzéiert ginn oder ganz ewechfalen.

D’Ofkommes soll dem Handel tëscht béide Kontinenter e groussen Opschwong ginn. D’europäesch Produzente vun Olivenueleg, Schockela, Alkohol, Kéis a Séissegkeete kéinten zu de grousse Gewënner gehéieren. 
 
Allgemeng kann ee soen, datt europäesch Produiten a Marken haut schonn a Brasilie ganz beléift sinn. “Mir schaffe vill mat europäeschem Olivenueleg, dat ass onst meeschtverkaafte Produkt. D'Nofro no Olivenueleg, virop aus Spuenien a Portugal, ass ganz grouss. Ech mengen och bei de Séissegkeete gëtt et nach Potential. Europäesch Schneekegkeeten si ganz gefrot”, erkläert de Fernando Siqueira, Gerant vun engem grousse Supermarché.
 
Et ginn awer och Secteuren, déi de Mercosur-Fräihandelsaccord méi kritesch gesinn. Déi lescht Méint iwwer sinn déi europäesch Baueren op d’Strooss gaangen, fir sech géint d’Ofkommes ze wieren. A Südamerika maachen dogéint virop d’Industrie-Gewerkschafte sech Suergen. Et fäert een, datt déi industriell Entwécklung duerch d’EU-Importer gebremst gëtt. 
 
Den Thyago Alfonso Haskel ass e brasilianeschen Importateur, an der Meenung, datt d’Virdeeler méi grouss sinn, wéi d’Nodeeler. “An dat net just well d'Taxen ewechfalen an de Wueren-Echange klamme wäert. Och beim Austausch vun Technologien, Know How, Hygiènesvirschrëften an esou weider, kënne béid Säite profitéieren. An et wäert d'Mënschen op béide Säite vum Atlantik méi no beienee bréngen”, mengt den Importateur.
 
Net just am agro-alimentairen Secteur falen d’Douanestaxen ewech. Aktuell ginn europäesch Autoe mat 35 Prozent besteiert. No an no sollen déi Taxe reduzéiert ginn. 
 
25 Joer laang gouf verhandelt, an um Text geschriwwen. Am Dezember 2024 huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen annoncéiert, datt d’Negociatiounen ofgeschloss sinn an een en Accord fonnt hätt. Fir datt d’Ofkommes a Kraaft trëtt mussen elo nach vun de Memberlänner an dem EU-Parlament ratifizéiert ginn. Domadder géing dann déi gréisste Fräihandelszon op der Welt entstoen, an där am ganze 770 Millioune Mënsche liewen.