Pediatere recommandéieren Impfung fir Kanner a Jugendlecher tëscht 2 a 17 Joer
Um Héichpunkt vun der Gripp goufen 2.500 Fäll pro Woch registréiert.
Féiwer, Schüttelfrost an d'Glidder wéi. All Wanter kënnt dat nees zréck. Grond dofir ass bei ville Leit d'Gripp an déi war déi d'lescht Saison besonnesch aggressiv.
De Conseil supérieur des maladies infectieuses huet d'lescht Woch recommandéiert, Kanner a Jugendlecher tëscht 2 a 17 Joer géint d'Gripp impfen ze loossen. Och Pediatere si sech ënnerteneen eens, datt eng Impfung fir Kanner an deem Alter sënnvoll ass.
Déi ideal Zäit, fir sech géint d'Gripp ze impfen, wier elo am Hierscht: sou bleift de Schutz de ganze Wanter iwwer effektiv, dann wann Infektiounen am heefegste sinn.
Domat kéint een och vulnerabel Persounen, wéi zum Beispill eeler Leit, schwanger Fraen an déi, déi u chronesche Krankheete leiden oder ee méi schwaacht Immunsystem hunn, besser schützen. Well Kanner a Jugendlecher de Virus méi séier an hirem Ëmfeld verbreeden, spillt d'Impfung an dëser Altersgrupp eng wichteg Roll, erkläert de Kannerdokter a President vun der Société luxembourgeoise de pédiatrie Dr. Serge Allard. Kanner géingen de Virus och méi laang a sech droe wéi Erwuessener.
"Et ass dat eenzegt Traitement, wat mir hu géint d'Gripp, dat effikass ass. D'Gripp u sech, ass schonn eng geféierlech viral Infektioun. Éischtens mol si sinn eng Woch laang krank a wa si d'Gripp iwwerstanen hunn, ass et gutt, mee heiansdo hunn dir eng Surinfectioun duerch Pneumokokken an aner Bakterien, déi d'Saach dramatesch verschlëmmeren."
Net nëmme vulnerabel Leit, mä och Kanner kënnen e schwéiere Verlaf vun enger Gripp hunn. Weltwäit stierwe Schätzunge vun der Weltgesondheetsorganisatioun no all Joer ronn 28.000 Leit ënner 18 Joer un der Gripp. Och zu Lëtzebuerg sinn an de leschte Jore Kanner um Virus gestuerwen. Trotzdeem léist sech net jidderee gär impfen, Angscht bréicht een awer net ze hunn.
"Den heiten Impfstoff géint d'Gripp ass ee ganz klasseschen Impfstoff. Et ass net wéi beim Covid, wou mir ee MRNA-Impfstoff haten, dee ganz nei op de Marché komm ass. Hei huet een e Vaccin, dee seng Prouwe gemaach huet an dee schonn zënter Joerzéngten ëmmer den nämmlechten ass."
Och an enger Rei aneren europäesche Länner gëtt eng Impfung fir Kanner vun 2 Joer u recommandéiert. Wat awer nach bëssi besser wéi eng klassesch Impfung schützt, wier den intranasale Vaccin, deen net mat enger Sprëtz geschitt, mä mat engem Spray gemaach gëtt, sou den Dr. Serge Allard. Hei léich d'Protektioun ëm 14 Prozent méi héich, wéi bei der normaler Impfung.
Dës Optioun kéint scho vum nächste Joer un disponibel sinn.